Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All Fënnefte gouf bannent engem Joer Affer vu Gewalt

Ëmfro

All Fënnefte gouf bannent engem Joer Affer vu Gewalt

20 Prozent vun de Leit tëscht 16 a 74 Joer zu Lëtzebuerg si bannent engem Joer op d'mannst eng Kéier Affer vu physescher, psychescher oder sexueller Gewalt ginn. Dat geet aus enger rezenter STATEC-Etüd iwwer d'Sécherheet zu Lëtzebuerg ervir, déi tëschent 2019 an 2020 realiséiert ginn ass.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / nito

Lauschterenplay_arrow


Déi meescht Affer vu Gewalt géifen dat Erlieften awer fir sech halen. 78 Prozent vun den Affer hunn an der Etüd uginn, sech no der Dot weder un d'Police, nach un en Dokter oder un aner Professioneller adresséiert ze hunn.

Zuele ginn erop

Ronn 81.000 Persoune sinn tëschent 2019 an 2020 zu Lëtzebuerg Affer vu Gewalt ginn. Dat ass eng Hausse vun 30 Prozent vun den Affer am Verglach mat 2013, wéi d'Ëmfro eng éischte Kéier gemaach ginn ass.

Dat géif awer net onbedéngt heeschen, datt d'Gewalt eropgaange wier, mengt d'Clarissa Dahmen, déi d'Etüd realiséiert huet: et kéint nämlech och bedeiten, datt d'Leit méi bereet wieren iwwer esou traumatesch Experienzen ze schwätzen. "Et muss net onbedéngt eppes Negatives sinn", seet si.

Jonk Frae besonnesch vulnerabel

Bei der Ëmfro wier erauskomm, datt virun allem jonk Frae riskéieren Affer vu Gewalt ze ginn, gëtt d'Clarissa Dahmen ze bedenken. Déi meeschten Affer wieren tëschent 16 a 25 Joer al. Wat d'Leit eeler ginn, wat de Risiko, verschidde Forme vu Gewalt ze erliewen, erof geet.

Bei ville weiblechen Affer kéim den Täter aus dem enken Ëmkrees, wouduerch et dacks net bei enger Dot géif bleiwen.

De Phenomen vu Forme vu Gewalt, déi sech widderhuelen, géifen ënnerschat gi, mengt d'Responsabel vun der STATEC-Etüd.

"Et ka jo sinn, datt eng Victime e puer mol attackéiert gëtt, an dat betrëfft warscheinlech an der Reegel virun allem Fraen, well si wéi gesot éischter an hirem perséinlechen Ëmfeld attackéiert ginn."

Hei wéilt een an Zukunft mat aner Indicateure schaffen ewéi just mam Taux de victimisation, esou nach d'Clarissa Dahmer vum STATEC.