Radioen

On air

De Moien  |  The Disliked - Possessed

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "All grouss Vollekskrankheet huet Bezuch zur Ëmweltmedezin"

Ëmwelt a Gesondheet

"All grouss Vollekskrankheet huet Bezuch zur Ëmweltmedezin"

D'asbl. AKUT weist sech zefridden, datt eng Rei vun hire Fuerderungen am Koalitiounsaccord stinn. Hie wier positiv iwwerrascht gewiescht, esou President vum Aktiounsgrupp fir Ëmwelttoxikologie Jean Huss.

auto_stories

3 min

De Regierungsprogramm gesäit een nationale Service an eng national Strategie fir Ëmweltmedezin vir, eng Prise en charge vu medezineschen Akten an d'Gratuitéit vun Analysen an dësem Beräich. Virgesi sinn och Formatiounen an der Ëmweltmedezin. All grouss Vollekskrankheet hätt nämlech e Bezuch zur Ëmweltmedezin.

Patiente finanziell entlaaschten

De Jean Huss erwaart sech eng schrëttweis Ëmsetzung vun dëse Mesuren, ënner anerem fir eng finanziell Entlaaschtung vun de Patienten z'erreechen. Ee Beispill vun enger Krankheet, déi mat Ëmweltmedezin ze dinn huet, wier Borreliose. Heivir géif et en Test ginn, dee soss vun de Krankekeesen iwwerholl ginn ass.

Zanter zwee Joer géif dësen Tester awer net méi iwwerholl ginn an d'Patiente missten 170 Euro aus der eegener Täsch fir dësen Test bezuelen. "Dat kann net sinn", iergert sech de Jean Huss. Dëst misst geännert ginn, well et soss eng Zwee- bis Dräiklasse-Medezin géif aféieren. "Dofir sinn ech frou, datt genee dëse Punkt am Koalitiounsaccord verankert ginn as." D'Diagnostik an och d'Therapie misst vun der Krankekeess iwwerholl ginn, fuerdert de Jean Huss.

D'Ursaache vu Kriibs

D'asbl. hat d'lescht Joer Differenze mam Gesondheetsministère: ee Sträitpunkt war, wéi vill Fäll vu Kriebs op Ëmweltfacteuren zréckzeféiere sinn. Vum Ministère hat et geheescht, et wiere fënnef Prozent. De Jean Huss baséiert seng Aussoen op international Informatiounen, déi vun enger Grupp vu Wëssenschaftler vun de gréissten Universitéiten aus den USA kommen.

"Dat sinn déi bescht Wëssenschaftler, an déi hunn an deem Bericht vu ronn 280 Säite gesot, datt si géife schätzen, datt ronn 70-75 Prozent vun alle Kriibszorte mat Ëmweltfacteuren ze dinn hätten." Och d'Fëmme wier esou een Ëmweltfacteur, präziséiert de Jean Huss.

5G-Technologie: Ee Risiko fir d'Gesondheet?

Lëtzebuerg soll als eent vun den éischte Länner um ganzen Territoire ee 5G-Reseau fir séiere mobillen Internet kréien: dat gëtt am Koalitiounsaccord vun DP, LSAP an déi gréng ugekënnegt. Den Aktiouns-Grupp fir Ëmwelt-Toxikologie AKUT mécht an deem Kontext op méiglech gesondheetlech Risiken opmierksam. De President Jean Huss warnt virun enger iwwerstierzter Aféierung vun neien Technologien. Seriö Wëssenschaftler géife soen, datt fir d'éischt déi néideg Etüde misste gemaach ginn.

De Jean Huss warnt bei dëser Thematik och virun de Konsequenze fir Jonker. A Länner, déi beispillsweis Smartphonen an Tabletten agefouert hätten, géif een éischt Konsequenze gesinn. "Ech wëll nëmmen eng gesondheetlech Konsequenz erausgräifen: dat ass d'Kuerzsiichtegkeet bei Kanner." D'Kuerzsiichtegkeet hätt an dëse Länner a fënnef bis zéng Joer massiv zougeholl. "70 bis 80 Prozent vun de Kanner a Jugendlechen a Südkorea oder China si kuerzsiichteg ginn nëmmen doduerch."

AKUT informéiert zanter 1991 iwwer Gesondheetsrisiken duerch beispillsweis Elektrosmog an Ëmweltgëfter. Et hätt ee versicht hannert de Kulissen anzewierken, fir datt e gudde Programm erauskënnt, esou de Jean Huss, dee bis 2011 gréngen Deputéierte war.