Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "All Jeeër ass responsabel fir säi Schoss"

Juegd

"All Jeeër ass responsabel fir säi Schoss"

Déi afrikanesch Schwéngspescht géif vun de Lëtzebuerger Autoritéiten net seriö genuch geholl ginn, seet de President vun der Jeeërfederatioun. Wann zu Lëtzebuerg e Fall géif optauchen, da wier den Impakt enorm, an net just fir d'Schwéngsziichter, seet de Georges Jacobs.

auto_stories

3 min

Bis an de Mëllerdall misst dann eng Schutzzon ageriicht ginn, wou kee méi an de Bësch dierft goen. Keen Tourist a kee Spadséiergänger. An d'Baueren dierften hiert Fudder net méi vun de Felder eran huelen. Wéinst der Schwéngspescht dierfen d'Wëllschwäi virleefeg bis de 15. Abrëll gejot ginn.

D'Wëllschwäin misste vill méi massiv gejot gi wéi bis elo, där Meenung ass och de Felix Wildschütz. Den Direkter vun der Veterinärsinspektioun sot op eis Nofro hin, et wier wichteg d'Populatioun esou niddereg wéi méiglech ze halen. "Wat d'Populatioun méi kleng ass, wat d'Iwwerdroe méi schwéier geet. All doudegt Schwäin kann de Virus net méi kréien a kann de Virus net méi iwwerdroen."


De Felix Wildschütz:

Lauschterenplay_arrow


Sécherheet op der Juegd

Zu Lëtzebuerg géif et eng aussergewéinlech héich Sécherheetskultur bei de Jeeër ginn. Dat géif och op eeler Jeeër zoutreffen, et wier "grad wéi am Verkéier", esou de Georges Jacobs:

"Mir erwaarde vun de Jeeër, an d'Jeeër si responsabel Persounen, datt si eigentlech dat maachen, wat sinn nach kënnen. Wann een zum Beispill net méi esou vive ass fir ze schéissen, da schéisst een net méi op en Déier, dat sech beweegt, mee da bleift ee stoen an et waart ee bis d'Déier no bäi ass a stoe bleift, da geréit een et nach ganz gutt. Et gëtt ganz vill eeler Jeeër, déi héich performant op der Juegd sinn an déi eng ganz gutt Figur maachen."

"All Jeeër ass responsabel fir säi Schoss. Do ka kee sech erausrieden", esou kommentéiert de Georges Jacobs d'Geriichtsaffär vum Jeeër, deem seng Juegdkugel am September 2016 zu Fenteng eng Fra op hirer Terrass am Gesiicht getraff hat. De 4. Abrëll gëtt an där Affär d'Uerteel gesprach.

Juegdaccidenter wiere seelen zu Lëtzebuerg, esou de President vun de Jeeërfederatioun. Lëtzebuerg hätt déi bescht forméiert Jeeër an Europa. Zu der Gefor, déi awer besteet, wa Jeeër a Proximitéit vu Leit oder Haiser schéissen, sot de Georges Jacobs: Eng gesetzlech Distanz, déi misst agehale ginn, géif et net ginn zu Lëtzebuerg. Dat géif och kee Sënn maachen. Eng Kugel kéint nämlech bis zu 4,5 Kilometer wäit fléien, deemno wier d'Juegd zu Lëtzebuerg net méiglech, wann een d'Distanz zu Haiser gesetzlech géif festleeën.

Neiopdeelung vun de Juegdparzellen

Den 1. Mäerz hat de Regierungsrot decidéiert fir eng d'Consultatiounsprozedur ze lancéieren iwwer d'Neiopdeelung vun de Juegdparzellen. Déi Consultatioun soll de 15. Mäerz ufänken. D'Jeeërfederatioun kritiséiert, datt si net am Virfeld gefrot gouf iwwer de Parzelleplang, dee vun 2021 u soll gëllen. Fir d'Déiere propper ze bejoen, misst ee genee wëssen, wou se sinn, an dat wéisste just d'Jeeër:

"Déi meescht Fierschter hei am Land ginn net méi aktiv mat op d'Juegd. Ech kann Iech soen, an der Verwaltung, déi Leit, déi doriwwer decidéieren, wou d'Grenze gezu ginn, déi hu vu Juegd keng ganz grouss Kenntnes."