Geet et der Ursula von der Leyen no, sollen op d'mannst d'Hallschent vun de Kommissären an der nächster Kommissioun Frae sinn. "Ech wäert all d'Regierunge froen, ee Mann an eng Fra ze nominéieren", seet déi däitsch Kandidatin de Mëtteg an enger Entrevue am Europaparlament mat der Liberaler Partei.
D'Ursula von der Leyen huet an deem Hearing och gesot si géif aus der Klimaneutralitiéit eng Prioritéit fir déi nächst Kommissioun maachen.
Timmermans soll éischte Vizepresident ginn
D'Fro, ob si wëlles huet, méi haart wéi déi fréier Kommissioun a Froe vun der Rechtsstaatlechkeet virzegoen, huet si mat Jo beäntwert.
De Sozialist Frans Timmermans soll éischte Vizepresident vun der Kommissioun ginn, huet d'Ursula von der Leyen präziséiert. D'Margrethe Vestager géif Kommissärin "op Aenhéicht" ginn, seet si op d'Fro, ob déi liberal Spëtzekandidatin um nämmlechten Niveau géif agestuuft ginn.
D'Ofstëmmung iwwer EU-Presidenteposten ass d'nächst Woch
Déi aktuell däitsch Verdeedegungsministerin gouf déi lescht Woch iwwerraschend vun de Staats- a Regierungscheffen aus der EU als Kandidatin fir EU-Kommissiounspresidentin nominéiert. Si gëtt haut e Mëttwoch Nomëtteg och nach vun de Grénge gehéiert. Déi nächst Woch sollt d'Europaparlament iwwer d'Kandidatin ofstëmmen.
D'Ursula von der Leyen: