Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "All Stëmm muss d'selwecht vill Wäert sinn"

Reform vum Wahlgesetz

"All Stëmm muss d'selwecht vill Wäert sinn"

Der ADR no sollen déi véier Wahlbezierker bei de Chamberwahle bestoe bleiwe fir déi regional Representatioun ze garantéieren. D'Oppositiounspartei ass awer net géint Ännerunge beim Zouschnëtt vun de Wahlbezierker fir déi grouss Ënnerscheeder bei der Zuel vun de Wieler auszegläichen.

auto_stories

2 min

D'ADR huet hir Positioun zur geplangter Reform vum Wahlgesetz am Nationalcomité ugeholl. Ausgeschafft gouf se vun engem Aarbechtsgrupp mat un der Spëtzt dem fréiere Parteipresident Robert Mehlen. Der ADR no soll een Deputéierten net méi och Buergermeeschter oder Schäffen däerfe sinn.

De Robert Mehlen erzielt, datt hien a senger Zäit als Deputéierten erlieft hätt, "wéi verschidde Leit quasi net un den Aarbechte vun der Chamber deelgeholl hunn, well hinnen d'Gemeng méi wichteg war wéi d'Chamberaarbechten".

Wahlbezierker Norde an Osten zesummeleeën

D'Grenze vun de Wahlbezierker kéinten an Zukunft esou geännert ginn, datt et méi Equiliber tëschent de Bezierker géif ginn, proposéiert d'ADR. Fir de Robert Mehlen wier et ee Moment denkbar gewiescht fir d'Wahlbezierker Norden an Osten zesummenzeleeën, well een dann dräi Wahlbezierker gehat hätt, "déi méi oder wéineger gläich staark gewiescht wieren".

Doduerch wier et och net méi esou schwéier gewiescht, fir e Mandat am ländleche Bezierk Nord-Ost ze kréien". Dës Propos wier awer net zeréckbehale ginn.

Verdeelung vu Mandater der Wielerzuel upassen

An hirem Bréif un de Premier fuerdert d'ADR, datt all Stëmm gläich vill misst wäert sinn. D'Verdeelung vun de Mandater soll der Wielerzuel an de Bezierker entspriechen. Bei der Berechnung vun de Mandater misst d'Benodeelegung vun de klenge Parteien ofgeschaaft ginn, esou de Robert Mehlen.

De fréieren ADR-Deputéierte fäert, datt déi geplangte Reform vum Wahlgesetz just eng Minireform géif ginn, "an datt mir dann awer net dat kréien, wat misst kommen: e richteg demokratescht Wahlverfahre wou jiddwereen dat kritt, wat ëm am Fong zousteet."


De Bäitrag vum Serge Kesseler:

Lauschterenplay_arrow