Radioen

On air

Trendscheif  |  Kara Jackson - Right, Wrong or Ready

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All zesummen op de Fraestreik!

Fräie Mikro

All zesummen op de Fraestreik!

De Fraendag vun haut steet ënner dem Slogan "Gläich Rechter fir jiddwereen". Sief et op der Aarbecht oder am Privatliewen, Chancëgläichheet tëschent Mann a Fra ass nach ëmmer net garantéiert, obwuel et scho ganz considerabel Fortschrëtter gëtt. Migrantinne si besonnesch dacks Affer vun Ongläichheeten an do besteet akuten Handlungsbedarf, mengt d'Laura Zuccoli vun der Asti.

auto_stories

4 min

D'Laura Zuccoli ass fréier Presidentin vun der ASTI. Foto: Archiv

Laut engem UNO-Bericht vun 2020 sinn 83 Prozent vun de sexuell ausgebeute Mënsche Migrantinnen. De Joresbericht 2020 vun der europäescher Kommissioun ënnersträicht, datt 90 Prozent vun den Affer vun all Form vun Ausbeutung a Mënschenhandel Frae sinn.

Migrantinne schaffen dacks a wéineg valoriséierte Secteuren, wéi der Botz oder der Gastronomie. Laut enger Etüd vum LISER vun 2020 sinn 83 Prozent vum Personal am Botzsecteur Fraen an nëmme 5 Prozent hunn déi lëtzebuergesch Nationalitéit. An dësem Secteur schaffen déi allermeeschte Fraen Hallefzäit oder a Kuerzzäitkontrakter, mat Aarbechtszäite fréi moies a spéit owes.

D'Aarbechtsbedingunge si schwéier, Botzproduiten enthale gesondheetsschiedlech Substanzen, déi Krankheete provozéieren. Et ass e Secteur, dee sozial a kulturell negativ beluecht ass, wou haaptsächlech Migrantefraen aus aarme Verhältnesser schaffen, deels ouni Openthaltsgeneemegung, deels ouni ugemellt ze sinn.

Si sinn aus diverse Grënn méi potenzieller Gewalt ausgesat, sief et duerch hire soziale Stand oder hier mannerwäerteg a schwéier Aarbechtskonditiounen, duerch Aarmut oder duerch Sproochebarrièren oder wéinst Problemer mat hiren Openthaltspabeieren.

Wann aus dem Opfer eng Verbriecherin gëtt

Virun en puer Méint huet eng brasilianesch Fra hire Patron um Policebüro ugeklot, well dee si récksiichtslos ausgebeut huet. Well se awer keng Openthaltserlabnis zu Lëtzebuerg hat, gouf si opgefuerdert, d'Land ze verloossen. Aus dem Opfer ass eng Verbriecherin gemaach ginn.

Hir Plainte ass kaum beuecht ginn. Mee d'Zivilgesellschaft huet sech mobiliséiert an d'Ausweisung ass zeréckgezu ginn. No laangem Hin an Hier krut si dunn och Pabeiere fir legal bei eis kënnen ze schaffen, bis d'Justiz hir Plainte besprach huet. Eng richteg Entscheedung, well d'Mënscherechtskommissioun jo ëmmer erëm ënnersträicht, datt Mënscherechtsverletzunge viru Migratiounsfroe solle stoen.

Wéi vill Fraen hunn de Courage, fir d'Gewalt an d'Ausnotzung vun hirem Patron ze denoncéieren, besonnesch wa se keng Openthaltserlabnis hunn? Oder wann och nach d'Wunneng vum Patron gelount ass? Aus Angscht, ausgewisen ze ginn oder op der Strooss ze sëtzen, erdroe si d'Leed, ouni eppes ze soen, a bleiwe sech selwer iwwerlooss.

D'Affer schützen an hëllefen

Dofir ass et wichteg, den Depot vu Plainten ze erliichteren. Mir brauchen eng Prozedur, déi d'Affer vu Gewalt an Ausbeutung duerch de Patron schützt an hinnen eng reell Méiglechkeet bitt, sech ze wieren.

Mir brauche genuch ofgeséchert Wunnstrukturen, fir dësen Affer en Dach iwwer dem Kapp ze garantéieren, besonnesch zu Lëtzebuerg, wou bezuelbare Wunnraum e Luxus ginn ass.

Affer ouni Openthaltserlabnis brauchen eng garantéiert Aarbechtserlabnis, fir am Fall vu Gewalt an Ausbeutung op der Aarbechtsplaz weider hei kënnen ze schaffen an hiert Liewen ze verdéngen.

D'Gesetzer un d'Realitéiten upassen

Mam aktuellen Immigratiounsgesetz ass dat nëmme schwéier méiglech. Et ass déck Zäit, eis Gesetzer un d'Realitéite vum Immigratiounsland Lëtzebuerg unzepassen, fir dëse Mënschen - a besonnesch de Fraen - en Auswee aus hirem Misär ze bidden an hire Schënner d'Handwierk ze leeën, ouni datt d'Opfer eng Expulsioun riskéiert.

Déi meeschte Fraen, déi hei am Land schaffen, si Migrantinnen oder Frontalièren, also Mënschen ouni Walrecht um nationalen Niveau. Mee nieft dem Wiele gëtt et jo och nach aner Weeër a Méiglechkeeten, fir politesch Revendicatiounen ze stellen a senge Fuerderunge Gehéier ze verschafen.

Dofir mäin Opruff: All zesummen op de Fraestreik, haut um 5 Auer op der Stater Gare! Gläich Rechter fir jiddwereen!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.