Radioen

On air

De Moien  |  Elvis Costello & The Attractions - (What's So Funny 'Bout) Love Peace And Understanding

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alles ronderëm d'Covid-Impfung

Froestonn

Alles ronderëm d'Covid-Impfung

D'Impfunge géint den neie Coronavirus kommen. Vill Leit hu Bedenken, well d'Impfstoffer esou séier entwéckelt goufen. Dofir hate mir eis Nolauschterer opgeruff, eis hir Froen eranzeschécken. D'Michèle Sinner huet se weider ginn un zwee Experten, den Thomas Dentzer, Virolog bei der Santé an de Gérard Schockmel, Infektiolog bei den Hôpitaux Robert Schuman.

auto_stories

10 min

Foto: picture-alliance

Duerch d'Gespréich féiert d'Michèle Sinner. Lauschtert de ganzen Interview mat äre Froen hei:

De ganzen Q&A iwwer d'Impfung zu Lëtzebuergplay_arrow

Dir gitt méi gewuer iwwer wéi a bei wiem den mRNA Impfstoff funktionéiert, wéi de Vaccin am Virfeld getest gouf a wéi d'Impfung wäert ausgesinn.


Den éischte Vaccin, dee mer kréien, ass dee vu Pifzer/BioNTech. Dat ass een, dee mat Messenger-RNA (mRNA) funktionéiert. Wat ass dat, wat ass de Messenger, wat ass RNA, wéi funktionéiert dat? Wéi ënnerscheet sech dat zu klassesche Vaccinen?

Thomas Dentzer: Do ass dann déi Messenger-RNA dran. Déi gëtt an Zäit vun e puer Deeg ofgebaut, da sinn déi gekoppelt mat Lipiden, datt se iwwerhaapt mol an d'Zell erakommen, dann ass eng Salzléisung dobäi, fir et gesprëtzt ze kréien an ech mengen e bëssen Zocker.

Gérard Schockmel: Et gëtt eigentlech just eng Contra-Indikatioun, dat ass déi selwecht Indikatioun fir sämtlech Impfstoffer a Medikamenter, an déi seet, datt wann ee schonn allergesch staark reagéiert huet op eppes, wat an deem Vaccin dran ass, da soll een de Vaccin net kréien."

Lauschterenplay_arrow


Gëtt et aner Krankheeten, bei deenen dës Approche vu Vaccin kéint interessant ginn?

Lauschterenplay_arrow


Et gi Leit, déi ganz vill Angscht virun deem Vaccin hunn, notamment déi fäerten, dee Vaccin géif d'DNA veränneren.

Lauschterenplay_arrow


Déi Vaccine goufe ganz séier developpéiert. Wéi konnt dat esou séier goen, a wann et soss esou laang dauert, ass den Zouloossungsprozess bei dëse Vaccine genee esou streng wéi soss?

En ass genee esou streng. Et ass méi séier gaangen, dat huet ganz vill Grënn. Den éischte Grond ass, datt mer scho vill méi Wëssen haten. Mir haten de Sars virun 18 Joer, mir wësse schonn zanter bal 18 Joer, datt e Spike-Protein ass, bei deem et bei de Coronaviren ukënnt, wou mer wëllen Antikierper dogéint produzéiere fir eis ze schützen. Mir haten duerno en anere Coronavirus, de Mers-Coronavirus, dat war 2012. Dat heescht, déi elo hei um Vaccin schaffen, déi hu schonn zum Deel um Vaccin geschafft fir den éischte Sars a fir de Coronavirus. Dann hate mer nach den Ebola-Virus, wou och elo Vaccinen entwéckelt gi sinn, dat ass mol dat eent.

Dat anert ass, wann een e Vaccin entwéckelt, do mécht ee Studien, Phas 1, Phas 2, Phas 3. Normalerweis ginn déi hannerenee gemaach, hei sinn déi kombinéiert ginn, fir méi séier virunzekommen. Verschidde Saache si parallel lafe gelooss.

Dat nächst ass: hei ass eng Zesummenaarbecht tëschent den Universitéiten, tëschent de Mäzenen, déi bereet si vill Suen ze ginn, tëschent de Gouvernementer, déi mer esou an där Form nach ni kannt hunn. Déi Suen, déi zur Verfügung stinn, sinn natierlech ganz wichteg. Wann ech elo eng Studie maachen, wéi z. B. Pfizer, do sinn an der Phas 3 Studie 44.000 Participanten. Ob déi Studie elo fënnef Joer dauert oder ob se dräi Méint dauert, wann ech herno bei 44.000 sinn, dann ass meng Statistik herno genee déi selwecht. Dat heescht, do ass bestëmmt keng Ofkierzung geholl ginn.

Lauschterenplay_arrow


Wann een bei der éischter Dos eng Impfung vum Pfizer/BioNTech-Vaccin kritt, muss ee bei der zweeter Dos dee selwechte kréien?

Et ass schonn esou, datt een net soll vermëschen. Wann déi éischt Injektioun vum Pfizer-Vaccin ass da soll déi zweet Injektioun och vum Pfizer-Vaccin sinn.


Dee Pfizer-Vaccin wier zu 95 Prozent effikass. Ass dat vill?

Dat ass fantastesch. D'FDA sot, si wéilten eng Effikassitéit vun op d'mannst 50 Prozent. Wann der dat vergläicht mam Grippe-Vaccin, do mer bei enger Effikassitéit vun 20 a 50 Prozent, dat hänkt vun der Saison of, meeschtens méi no bei 50. Hei si mer bei 95, dat ass dat Bescht, wat mer nëmme konnten hoffen. 95 ass natierlech e Schnëtt, eng Moyenne, dat ass ganz kloer. Dat ass awer fantastesch vum Sënn vun enger Protektioun vun enger Populatioun kann erreecht ginn.

Lauschterenplay_arrow


Wat ass den Ënnerscheed tëschent der relativer Effektivitéit an der absolutter Effektivitéit am Bezuch op d'Fallzuele vun den Test-Kontrollgruppen?

Lauschterenplay_arrow


Wéi kann d'Bildung vun infektionsverstäerkenden Antikierper duerch déi klinesch Phas 3, wou just ca 200 Leit erkrankt sinn, dovunner ongeféier 20 mat Impfstoff, vun dësem impfstoff ausgeschloss ginn?

Lauschterenplay_arrow


Wéi war den Testgrupp an der Phas 3 zesummegesat, wat war den Alter an d'Virerkrankunge vun de Participanten? Wat bedeit dat fir déi Leit, déi als éischt geimpft ginn?

Lauschterenplay_arrow


Wat sinn d'Resultater aus den toxikologesche Studien zum Impfstoff? Wat sinn d'Resultater am Bezuch op d'Immunogenitéit?

Lauschterenplay_arrow


Wat sinn d'Chancë fir eng steril Immunitéit, a wat ass dat?

Lauschterenplay_arrow


Wat sinn Konterindikatioune fir eng Impfung? Soll ee keng Impfung maachen, wann een Allergiker ginn, eng Krankheet huet oder schwanger ass?

Lauschterenplay_arrow


Mat wiem soll ee schwätzen? Mam Dokter? Sinn Dokteren am Testzenter?

Lauschterenplay_arrow


Wéi geféierlech ass de Vaccin? Anscheinend ass eng Infirmière um Impfstoff gestuerwen?

Lauschterenplay_arrow


Kann een eng Allergie op de Vaccin maachen?

Lauschterenplay_arrow


Sinn déi Effekter reversibel?

Lauschterenplay_arrow


Ginn och Leit geimpft, déi scho Covid haten a firwat?

Lauschterenplay_arrow


Gëtt et een Delai tëschent enger Erkrankung mat Covid an enger Impfung, déi ee muss anhalen?

Gérard Schockmel: Wann een en akute Covid haut huet, da géif ech soen, waarde mer zwee, dräi Méint, an da kënne mir d'Impfung maachen.

Thomas Dentzer: Vläicht fir do ze ergänzen: Wann ech mech elo ugestach hunn, virgëschter oder ech hunn en elo, an ech sinn asymptomatesch, an ech ginn dann elo muer geimpft, dat ass eigentlech kee Problem, well mir infizéiere jo net nach eng Kéier mat engem Virus, mee mir gi jo déi Messenger RNA eran, déi eng bestëmmte Protein produzéiert, dat heescht, deng viral Laascht am Kierper gëtt net méi héich duerch deng Impfung.

Lauschterenplay_arrow


Wierkt de Vaccin bei jiddwerengem d'selwecht? Gëtt et nieft eelere Leit aner Bevëlkerungsgruppen, bei deenen de Vaccin anescht wierkt?

Lauschterenplay_arrow


Rezent gouf eng Mutatioun vum Sars-CoV-2 (Mutatioun B1.1.7) entdeckt. Wäerten d'Vaccinen och virun dëser Variant schützen?

Lauschterenplay_arrow


Viru wat schützen déi Vaccinen? Virum Ausbroch vun der Krankheet, oder och, datt een ustiechend ass?

Gérard Schockmel: Mir ginn natierlech och dovun aus, datt déi Vaccine en Effekt op Transmissioun hunn, dat heescht, een dee manner laang krank ass, dee manner Virus produzéiert, dee misst am Prinzip manner infektiéis sinn a méi kuerz infektiéis sinn.

Lauschterenplay_arrow


Huet et no enger Impfung nach e Wäert e PCR-Test ze maachen?

Lauschterenplay_arrow


Wësse mer scho wéi laang de Vaccin hält, oder muss een all Joers geimpft ginn?

Lauschterenplay_arrow


Ass schonn eppes gewosst iwwer d'Laangzäitschied vun den Impfstoffer? Kann dat scho gewosst sinn? Ass dat bei aneren Impfstoffer gewosst?

Lauschterenplay_arrow


Falls Laangzäitschied sollten optrieden, wie kënnt dofir op? De Produzent oder d'Regierung?

Lauschterenplay_arrow


Firwat spillt de russeschen Impfstoff bei eis keng Roll?

Lauschterenplay_arrow


Déi Vaccine musse bei ganz niddregen Temperature gelagert ginn? Wéi ka séchergestallt ginn, datt beim Transport d'Killketten net ënnerbrach gëtt?

Lauschterenplay_arrow


Wéi ginn d'Leit gewuer, datt si sech kënnen impfe loossen? Kréie si eng Invitatioun geschéckt?

Lauschterenplay_arrow


Wéi wäert dat an den Impfzenteren oflafen?

Lauschterenplay_arrow


Wisou kënnen d'Hausdokteren net impfen?

Lauschterenplay_arrow


Wéi gesäit et an den Impfzenteren aus mat Rouzäite fir gebriechlech Patienten? Kënnen déi Leit doheem geimpft ginn? Gëtt fir Sécherheetsofstand gesuergt?

Lauschterenplay_arrow


Hu mir e Plang fir ze impfen, esou wéi den RKI e publizéiert aus? Wéi gesäit den Impfkalenner aus?

Lauschterenplay_arrow


Lëtzebuerg huet iwwer d'EU bei fënnef Firme bestallt, déi sinn awer net alleguer zougelooss. Wat geschitt, wann déi net zougelooss ginn?

Lauschterenplay_arrow


Wien decidéiert, wie vulnerabel ass? Wéini kommen déi drun, fir sech impfen ze loossen?

Deel 1 lauschterenplay_arrow

Deel 2 lauschterenplay_arrow


Gi Kanner geimpft? Gëtt et e Mindestalter?

Lauschterenplay_arrow


Wisou soll d'Fleegepersonal geimpft ginn, wann Niewewierkungen optriede kënnen, dorënner Middegkeet a Kappwéi?

Lauschterenplay_arrow


Gi Grenzgänger geimpft? Wéi ass et mat pensionéierte Grenzgänger?

Lauschterenplay_arrow


Wéi laang dauert et, bis genuch Prozent vun der Bevëlkerung geimpft ass, datt mer erëm an eng Normalitéit kommen?

Lauschterenplay_arrow


Wéi grouss ass d'Impfbereetschaft zu Lëtzebuerg?

Lauschterenplay_arrow


Wéini kënne mer ufänke mat Restriktiounen opzehiewen?

Lauschterenplay_arrow