Radioen

On air

Tockcity  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Alles tip top"

Cybersécherheet beim Staat

"Alles tip top"

D'Cyberattack vum 26. Februar op déi informatesch Infrastrukture vum Staat war kee Sécherheetsproblem, seet den Direkter vum Service informatique vum Staat (CTIE). Och wann iwwer 24 Stonnen eng 100 staatlech Internetsiten deels paralyséiert waren. Schold wär net e Manktem u Bandbreet-Capazitéit gewiescht. Dem Gilles Feith no hätt déi Attack gewisen, wéi gutt déi verschidde staatlech Servicer zesumme funktionéieren.

auto_stories

3 min

Gilles Feith

Duerch en Ustuerm vu fiktiven Ufroe waren eng Rei informatesch Infrastrukture vum Staat iwwerlaascht ginn. Eng sougenannten "Distributed Denial of Service" (DDoS) Attack huet dozou gefouert, datt Bierger verschidden Internetsite vum Staat net méi konnte benotzen. Intern an de Verwaltungen a Ministèren hätt et awer kee Problem ginn, seet den Direkter vum CTIE. D'Kommunikatioun hätt weider funktionéiert, well op staatlech Backup-Infrastrukturen zréck gegraff gi wier. Dës vum Internet onofhängeg intern Reseaue wieren net betraff gewiescht.

Eng staatlech Kooperatioun "à merveille"

D'Cyberattack vum 26. Februar wier e Beispill, wou hien immens frou a stolz wierr op d’Zesummenaarbecht vun den Administratiounen. Am Kader vum nationale Cyberplang am Kader vum "Haut Commissariat de la Protection nationale" hätten d’Autoritéiten zesumme geschafft. Et hätt een et an dësem Fall net mat enger Cyberkris ze dinn, mee mat engem punktuellen Ugrëff op d'Infrastrukture vum Staat.

Déi Prozeduren, déi en place sinn, hätten "à la merveille" geklappt. Trotzdem si se no deem Virfall weider verbessert ginn, heescht et an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

Preparéiert vir eng méi grouss Attack

100,7-Informatiounen no hätt et sech ëm eng schwaach Attack gehandelt, déi hätt kënnen ofgewiert ginn, wa genuch Bandbreet-Capacitéiten zur Verfügung gestanen hätten. De Gilles Feith widdersprécht deem, an dësem Fall hätt een et mat engem anere Problem ze di gehat an d'Bandbreet wär kee relevante Facteur gewiescht. Aus Sécherheetsgrënn wéilt hien awer net méi zum Typ vun der Attack soen.

Fir eng wierklech Kris, mat enger reeller Brèche am System wier Lëtzebuerg gewappnet, mengt de Gilles Feith. Et géif beim Staat och eng Prioritéitelëscht gi vun deene Servicer, déi an deem Fall besonnesch geschützt musse ginn. Dem Gilles Feith no wier eng deementspriechend Risikoanalyse gemaach ginn.

De CTIE-Direkter ass der Meenung, datt hien um Niveau vun den Infrastrukturen an de Ressourcë genuch Moyen huet, fir datt d'Verwaltung hir Aarbecht ka maachen. Hie géing déi néideg Ënnerstëtzung vun der Regierung kréien, a bräicht net méi fir déi eegen ambitiéis Zieler ze erreechen, sou de Gilles Feith.

Einfach.lu: transparent an datesécher

Mam Projet einfach.lu beim Staat sollen d'Bierger méi onkomplizéiert vun ëffentlech Donnéeë kommen. Am Kader vun der administrativer Vereinfachung lafen aktuell 88 Projeten, wou staatlech Déngschter iwwer Internet méi einfach Weeër fir Bierger ubidden. Sief dat fir staatlech Subventiounen ze kreien, e Permis de Pêche, d'Steiererklärung ze maachen oder Familljenzoulagen ze kréien.

Dobäi wier d'Transparenz fir de Bierger ganz wichteg, seet de Gilles Feith. Dohannert stéing och de Prinzip vum "Once only". Fir de Bierger heescht dat, datt eng Informatioun déi de Staat huet, hien net méi soll eng zweet Kéier gefrot gi - Beispill: Gebuertsschäin. Et handelt sech ëm e participative Projet: Bierger kënne sech iwwert vosidees.lu mat eegenen Iddien dru bedeelegen.

Just mat "User consent"

Dem Direkter vum CTIE no géinge sech mat der "once only"-Demarche keng Problemer mam Dateschutz stellen. Et géing doduerch net d'Méiglechkeet bestoen, datt verschidde Verwaltungen hir Daten zesumme leeën, oder datt Beamten am Pak all Informatiounen iwwert e Bierger zur Verfügung hätten. "De 'Once only' geet nëmme mat der Confiance vum Bierger, datt mir transparent domadder schaffen. An datt de Bierger gesäit, wat mat sengen Donnéeë geschitt." Dat wier just mam bewossten Averständnes vum Bierger méiglech. "Mir passe méticuleux dorobber op, datt d'Protection des données richteg behandelt gëtt."