Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wunnengsbau: Alternativ Modeller ëmsetzen

Riicht Eraus

Wunnengsbau: Alternativ Modeller ëmsetzen

Et gi vill Alternativen, déi ee kann notze fir bezuelbare Wunnraum ze schafen. D'gemeinschaftlecht a participatiivt Plangen a Bauen, d'Lounen an d'Notze vu Baulücke mat temporaire Gebaier oder d'Abanne vu private Promoteuren am bezuelbare Wunnengsbau si Beispiller. Et feelen zu Lëtzebuerg ronn 30.000 Wunnengen. Prioritär misst de Staat um Locatiounsmaart aktiv ginn an et misst vill méi Wunnraum geschaaft ginn, seet de Jean-Paul Scheuren, President vun der Chambre immobilière. Dem Koalitiounsaccord no géif dat awer net geschéien.

auto_stories

2 min

Claude Ballini, Gilles Hempel a Jean-Paul Scheuren

Modell Location-Vente gouf verworf

D'Chambre immobilière huet eng Gesetzespropositioun ausgeschafft an där et ëm de Bau vu Wunnenge geet, déi de Locataire no zéng Joer ka kafen. De Loyer géif während där Period zum Deel op ee Spuerkont fléissen. Dee Projet wier ni ëmgesat ginn, well de Staat net domat averstane war eng Finanzhëllef bei den Zënsen ze accordéieren, seet de Jean-Paul Scheuren. De Modell Location-Vente wier awer fir déi Leit adaptéiert, déi weder genuch Geld hu fir direkt eng Wunneng ze kafen, nach a Fro komme fir eng Sozialwunneng.

Neie Projet vun der AIS fir d'Baulücken temporaire ze notzen

Tëschent zéng an 20.000 Wunnenge stinn eidel, betount den Direkter vun der Agence immobilière sociale. D'AIS, déi eidel Wunnengen zu engem moderaten a garantéierte Loyer erëm op de Maart bréngt, wëllt elo een neie Projet lancéieren. Do geet et ëm ronn 1.000 Hektar un Terrainen, déi am Bauperimeter leien a vun de Proprietären zeréckgehale ginn. D'AIS wëllt déi Baulücke lounen a sougenannt Module-Haiser drop setzen. Esou Haiser, mat maximal dräi Stäck, brauche keng Fondatiounen a kënnen och bei Bedarf op een aneren Terrain geplënnert ginn, sot de Gilles Hempel. Fir d'Käschten ze decke missten déi Moule-Haiser während fënnef Joer op deem Terrain kënne leien.

Wunnkooperativen an Habitat participativ

D'Associatioun AD-Hoc, déi sech fir d'Schafe vu Wunnkooperativen asetzt huet bannen deene sechs leschte Joren un deem Konzept geschafft. Mëttlerweil sinn eng Rei Problemer geléist ginn. Well et sech awer ëm eng Gesellschaft handelt an net ëm Privatpersounen, ass net gewosst, ob déi Leit, déi un deem Projet schaffen, och ee Recht op Subventiounen hunn. Esou eng Kooperativ muss och deen héchsten TVA-Saz bezuelen, esou de Claude Ballini, Architekt an Urbanist.

De Claude Ballini schafft iwwerdeems un engem Pilotprojet zu Bouneweg, do geet et ëm dat gemeinschaftlecht Plangen a Bauen. Déi zukünfteg Proprietäre plangen zesummen um Gesamtkonzept. Well kee Promoteur déi Planungsaarbechte mécht, kann een d'Gesamtkäschten ëm 20 Prozent reduzéieren, seet de Claude Ballini. Verschidde Raim kënnen och gemeinschaftlech vu Leit aus dem Quartier genotzt ginn.

D'Trenne vu Wunnen a Proprietéit

Bannen deenen nächsten zéng Joer kéint een neie Modell entstoen, bei deem d'Proprietéit vum Wunne géif getrennt ginn, mengt de Jean-Paul Scheuren. Et géif een an de Steen investéieren an engems awer an enger Wunneng liewen, déi den eegene Besoinen ugepasst ass. An deem Fall kéint ee grad wéi an enger Wunnkooperativ d'Wunneng wiesselen, wann Zesummesetzung vum Stot sech ännert.