Radioen

On air

Notturno  |  Witch - Waile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alternativen zum Prisong

Strofrecht

Alternativen zum Prisong

Alternativen zu Prisongsstrofe misste besser genotzt ginn, do si sech d'Deputéiert an d'Justizministesch eens. Véier Joer no der Prisongsreform gouf an der Chamber iwwer Alternativen zur Inhaftéierung diskutéiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Souwuel d'LSAP wéi och D'CSV fuerderen eng wëssenschaftlech Evaluatioun vun den alternative Strofmesuren.

Den CSV-Deputéierte Léon Gloden bedauert, datt de Plan volontaire d'incertion, deen "am Fong den élément phare vun där Gesetzesännerung 2018" war, net "dee ganz grousse Succès" wier.

Nieft der wëssenschaftlecher Evaluatioun vun den alternative Strofmesurë wëllt d'CSV, datt Ligne directricen opgestallt ginn, sou datt kloer an transparent ass, wéini wéi eng Mesurë geholl kënne ginn.

De Prisong: keng Léisung

D'Justiz misst méi op elektronesch Foussfesselen, fraktionéiert Prisongsstrofen an de Congé penal zeréck gräifen, sote méi Deputéiert wärend der Debatt. De Prisong wier keng Léisung, esou d'Nathalie Oberweis Deputéiert vun déi Lénk.:

"De Rapport vum Justizministère schwätzt vun engem Taux de récidive vun 30 Prozent. Dat deit op en Echec hi vum Prisong als Strof. D'Strof schéngt also ganz dacks hiren Zweck net ze erfëllen."

Feste Prisong wier quasi a kengem Fall néideg esou d'Deputéiert. Strofvollzuch misst dee leschte Moyen sinn, deen de Staat dierft huelen.

Den DP-Deputéierte Pim Knaff mengt, datt et ee groussen Impakt op d'Mënschen hätt, wa se an de Prisong kéimen:

"Sou Leit verléieren eventuell hir Aarbecht, hir Wunneng, hiert soziaalt Ëmfeld, si knäppe villäicht schlecht Kontakter déi si no hirer Strof nees op de falsche Wee féieren. Hir Situatioun riskéiert souguer sech a fräiheetlech verschlëmmert ze hunn. Si geroden an en Däiwelskrees. Et ass dofir ganz wichteg, datt eng Strof muss Sënn erginn. Si muss op Reinsertioun a Preventioun axéiert ginn."

Den Ament wiere knapp 600 Persounen inhaftéiert. Dovunner wiere méi wéi d'Hallschent awer net condamnéiert, erkläert déi gréng Justizministesch Sam Tanson.

Dat géif awer deelweis doduerch erkläert ginn, datt déi meescht vun deenen Inhaftéierten hire Wunnsëtz net zu Lëtzebuerg hätten.

Dat hätt och en Impakt op déi alternativ Mesuren, wéi zum Beispill déi elektronesch Foussfesselen, fir déi eng Persoun e Wunnsëtz hei am Land misst hunn.