Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sampha - Blood On Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Altersheem vun Orpea soll demnächst seng Dieren opmaachen

Fleeg

Altersheem vun Orpea soll demnächst seng Dieren opmaachen

An den nächsten Deeg soll, eegenen Aussoen no, zu Märel d'Altersheem vum kritiséierte Grupp Orpea opgoen. Nodeems viru knapp zwou Wochen de provisoreschen Agrément vum Ministère koum an déi lescht administrativ Schrëtter amgaange sinn ofgeschloss ze ginn, steet dem neien Alters- a Fleegeheem "Récital" näischt méi am Wee. De Rekrutement vu Personal ass awer nach amgaangen, an et si bei Wäitem nach net all d'Zëmmere beluecht.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / OceanProduction

Lauschterenplay_arrow


E puer Dose Pensionnairë wieren den Ament an der neier Residenz zu Märel ugemellt, seet d'Direktioun, ouni awer prezis Zuele wëllen ze nennen. D'Altersheem wier sou opgedeelt, datt all d'Bewunner esou betreit kënne ginn, wéi si et grad brauchen. Et soll ee Stack fir Mënsche mat Demenz ginn, an och ee anere Stack fir Persounen déi méi eng intensiv Fleeg brauchen. D'Skandaler ronderëm Mësshandlunge vu Residente vum franséische Grupp zu deem d'Haus gehéiert, déi dëst Joer opgedeckt goufen, wëllt dat neit Altersheem hannert sech loossen a pocht op seng Eegestännegkeet. D'Stéphanie Rondoz, d'Direktesch vun der Residence "Récital" zu Märel.

"Une préoccupation de vigilance constante"

D'Stéphanie Rondoz ass sech awer och bewosst, datt Orpea grad elo ënnert Beobachtung steet an datt Kontrolle wichteg sinn. Dofir ass geplangt zwee Mol am Joer Ëmfroen iwwert d'Zefriddenheet vun den Awunner duerchzeféieren an och en Ethik-Rot, dee Personal zur Verfügung stelle soll, ass geplangt. Weider soll d'Personal och reegelméisseg Fortbildungen ugebuede kréien. Angscht, datt d'Geschicht vum franséische Konzern d'Haus zu Märel kéint anhuelen, huet d'Direktesch net, an awer gëtt si sech virsiichteg.

"Alors je veux pas parler de peur, mais plutôt d'une notion de préoccupation de vigilance constante. Donc on va tout le temps être préoccupés par le soucis d'amélioration constante, de faire évaluer et de s'adapter aux attentes et au bein-être et la satisfaction des résidents. Chaque Collaborateur aura un rôle à jouer."

Zwanzeg Leit géife schonn zanter e puer Méint vollzäit an dem neien Altersheem schaffen. Eng Rekrutementsprozedur fir weidert Personal anzestellen ass aktuell nach amgaangen. Zu der aktueller finanzieller Situatioun vum Grupp Orpéa an den eventuellen Impakt dovun op Lëtzebuerg kéint si näischt soen, sou nach d'Direktesch Stéphanie Rondoz.