Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Altersheemer: Campagne fir drëtt Impfung ass eriwwer

Impfcampagne

Altersheemer: Campagne fir drëtt Impfung ass eriwwer

4.000 Leit, déi an Alters- a Fleegeheemer liewen, hu sech bannent de leschten dräi Wochen eng drëtte Kéier géint Covid-19 impfe gelooss. Domat ass d'Campagne fir déi sougenannte Booster-Impfung an den Altersheemer eriwwer. Souwuel d'Autoritéiten, wéi och d'Fleegestrukture weisen sech zefridden.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Ronn 80 Prozent vun de Residenten an Alters- a Fleegeheemer, déi scho ganz geimpft waren, hunn och eng drëtt Dosis géint de Covid-19 kritt. Am CIPA beim Klouschter um Houwald hunn all déi, déi konnten, d'Offer genotzt.

Den Direkter Xavier Thiery freet sech iwwer den héije Participatiounstaux a sengem Gebai. De Residente wier bewosst, datt déi drëtt Impfung wichteg wier:

"Wa si an eng gewëssen Normalitéit wëllen zeréckkommen, an e soziaalt Liewen, dat acceptabel ass, hu si gutt verstanen, datt si déi drëtt Impfung sollte maachen, an dat hunn se och matgemaach."

Personal an Doktere stounge fir Froen zur Dispositioun

Wéi bei der éischter Impfcampagne wier awer net all Mënsch direkt iwwerzeegt gewiescht fir sech impfen ze loossen. Et wier kloer, datt d'Residenten an hir Familljen nach Froen hätten, sou de Xavier Thiery.

D'Personal aus dem Altersheem géif hiert Bescht gi fir eventuell Onkloerheeten opzeklären. De Xavier Thiery erënnert awer och drun, datt een dofir net eleng zoustänneg ass: och d'Dokteren, déi reegelméisseg am Haus sinn an déi e privilegéierte Kontakt zu de Bewunner hunn, hätten eng "extrem wichteg Aarbecht" gemaach.

Logements encadrés: Drëtt Impfung eréischt Enn Oktober

Bewunner, déi sech net konnten eng drëtte Kéier impfe loossen, zum Beispill well si krank waren, wäerten dat kënnen nohuelen. Enn des Mounts gëtt nach eng Campagne fir eng drëtt Impfung an de Logements encadrés lancéiert.

Déi konnt ee bis elo aus zäitleche Grënn nach net starten, sou de Luc Feller, Haut-Commissaire à la Protection nationale. Fir Leit, déi entweder mat BioNTech/Pfizer, Moderna oder AstraZeneca geimpft goufen, misst ee sechs Méint waarden, bis se eng Booster-Impfung kréien. Dofir kéint ee bei deene Leit eréischt Enn Oktober domat ufänken.

Vun der Santé heescht et iwwerdeems, datt fir de Moment keng drëtt Impfung fir déi allgemeng Bevëlkerung virgesinn ass. D'Prioritéit léich fir d'éischt dorop vulnerabel Persounen ze schützen an méiglechst vill Persounen eng éischte Kéier komplett ze impfen.