Radioen

On air

Notturno  |  Ed Dowie - Red Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Altersheemer: D'Ombudsmann fuerdert e Matsproocherecht

Gesellschaft

Altersheemer: D'Ombudsmann fuerdert e Matsproocherecht

D'Ombudsman Claudia Monti fuerdert weider, datt si an Zukunft och ka Reclammatiounen aus Altersheemer kann entgéint huelen. Si hätt der Chamber eng entspriechend Propos gemaach, esou d'Claudia Monti.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Et géif hir drëms goen, datt d'Bewunner en Uspriechpartner hunn, wa se an enger problematescher Situatioun sinn. Et wier och wichteg de Leit d'Situatiounen ze erklären. Dacks géifen och Reklamatiounen erakommen, déi net fondéiert wieren. An deene Situatioune kéint een dann de Leit op mannst eng Erklärung ginn, wat fir vill Leit immens wichteg wier.

Claudia Monti betount, si wéilt sech net an d'Soinen amëschen, déi an Altersheemer ugebuede ginn. Mee et géif drëms goen, datt d'Bewunner a problematesche Situatiounen en Uspriechpartner. Am Ausland wär dat deelweis schonn de Fall, esou d'Ombudsman.

D'Claudia Monti huet dann och en Appell un de Jeannot Waringo geriicht, deen am Moment analyséiert, wéi et an den Altersheemer zu Infektiounskette konnt kommen.

"Den Här Waringo ass elo virun allem vu Wëssenschaftler encadréiert. Ech denken, e mécht bestëmmt eng gutt Aarbecht, mee ech hoffen, e vergësst dee mënschlechen Aspekt net. Well dat medezinescht ass eng Saach, mee dee psychologesche Volet, d'Santé mentale, ass extrem wichteg. An ech géif mer wënschen, datt se och op den Aspekt aginn."