Radioen

On air

De Moien  |  Adrian Crowley - Bread and Wine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Altersheemer: Familljeministerin verteidegt hir Approche

Gesellschaft

Altersheemer: Familljeministerin verteidegt hir Approche

Et ass nach net kloer op d'Mënscherechtskommissioun d'Méiglechkeet kritt déi aktuell Situatioun an den Altersheemer ze analyséieren. D'Regierung hätt nach net decidéiert op CCDH zousätzlech Moyene kritt fir esou eng Analys kënnen ze maachen, an dat wier och "net deen éischte Punkt um Ordre du Jour", esou d'Familljeministerin Corinne Cahen.

auto_stories

1 min

Si verteidegt och der Regierung hir Approche fir den Heemer keng eenheetlech sanitär Mesuren virzeschreiwen.

"Stellt Iech ee Moment vir, mir géife vun uewen erof, aus dem Büro eraus soen: Dat däerf, an dat däerf net. Da géife mer jo 6.000 Awunner an Alters- a Fleegeheemer iwwer ee Leescht zéien. Do ass all Persoun anescht, an all Haus ass anescht, och well d'Haiser anescht gebaut sinn. Et sinn der déi hu verschidde Gebaier, et sinn der déi hu Wunngruppen, wou d'Leit ganz enk beienee wunnen, awer net alleguer zesummen am Haus."

Keng Erweiderung vun de Befugnisser vum Ombudsman virgesinn

Et wier och net virgesinn, datt den Ombudsman an Zukunft kontrolléiert, ob déi individuell Rechter an den Altersheemer respektéiert ginn, esou d'Corinne Cahen. "Den Ombudsman ass do fir wann dir als Bierger e Problem hutt mat enger staatlecher Administratioun. Fir datt dat tëschent dem Bierger an der staatlecher Administratioun gereegelt gëtt. Den Ombudsman ass net do fir a privat Betriber ze goen."

D'Altersheemer géifen eben als privat Strukture funktionéieren, esou d'Corinne Cahen. D'Mënscherechtskommissioun hat d'Corona-Mesuren an den Altersheemer viru Kuerzem ëffentlech kritiséiert, a fuerdert d'Moyene fir mat Vertrieder aus all de Fleegestrukture kënnen ze schwätzen.