Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Altersheemer: Ombudsman wëll un Enquête matschaffen

Pandemie

Altersheemer: Ombudsman wëll un Enquête matschaffen

D'Ombudsman bedauert, datt d'Regierung den Expertegrupp scho laang net méi gehéiert huet, mat deem déi gesellschaftlech Auswierkunge vun der Pandemie reegelméisseg wollt analyséieren. Déi lescht Consultatioun wier ewell iwwer een halleft Joer hier.

auto_stories

2 min

D'Claudia Monti ass zanter 4 Joer Ombudsman. Foto: Archiv.

Déi psychesch a gesellschaftlech Niewewierkunge vun de sanitäre Mesuren, net aus den Aen ze verléieren. Dat war der Regierung hiert Zil, wéi se virun engem Joer e Grupp mat aacht Vertrieder aus der Zivilgesellschaft zesummegeruff huet.

Mat dobäi waren nieft der Ombudsman Claudia Monti, ënner anerem och d'OGBL-Presidentin Nora Back, de President vun der Chambre de Commerce, Luc Frieden, an den Eethikexpert Erny Gillen. De Premier an d'Gesondheetsministesch haten deemools ugekënnegt, si wéilten de Grupp reegelméisseg gesinn. D'Ombudsman Claudia Monti sot elo awer, datt déi lescht Reunioun am September gewiescht wier. Si wier awer weiderhin der Hoffnung, datt ee sech méi oft gesi géif.

Firwat de Grupp net méi dacks zesummekoum kéint si net beurteelen, mee:

"Et ass natierlech e bësse frustrant elo schonn net méi esou laang gefrot ze ginn. Dat deet mer Leed. Ech sinn elo net rosen driwwer, mee et deet mer einfach Leed, well ech fannen et sënnvoll, wa mir einfach gehéiert ginn."

Wa si Uleies hätt, da géif si déi elo einfach direkt un déi concernéiert Ministèrë weider ginn, esou d'Ombudsman. Och un der Enquête iwwer d'Infektiounsketten an den Altersheemer géif d'Claudia Monti gäre matschaffen. Déi Infektiounen hätten zwar "vill mat der Gesondheet ze dinn", mee och mat de Mënschen.

Ee Probleem wier gewiescht, datt vill Leit sech eleng gespuert hätten a grad dofir wier et wichteg nieft dem Aarbechtsgrupp, deen elo eng Enquête soll maachen, nach eng méi grondsätzlech Diskussioun doriwwer ze féieren, op d'Altersheemer eng onofhängeg Kontrollinstanz solle kréien, esou d'Ombudsman.