Radioen

On air

De Moien  |  Yves Stein

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Gespréich mam israelesche Journalist Gideon Levy

Mënscherechter

Am Gespréich mam israelesche Journalist Gideon Levy

Den israelesche Journalist Gideon Levy appelléiert un déi international Communautéit: Et dierft een d'Aen net zoumaache virun de Mënscherechtsverstéiss um palestinensesche Vollek. Et géing net drëm goen, sech fir eng Säit ze positionéieren, mee sech fir déi international Mënscherechter anzesetzen. D'Angscht als antisemitesch duergestallt ze ginn an e wichtege Wirtschaftspartner ze verléieren, dierften net mat der aktueller Realitéit vermëscht ginn. De Max Pletschette huet mam israelesche Journalist geschwat.

auto_stories

3 min

Zanter 32 Joer schreift den Gidoen Levy iwwer d'Occupatioun vun de palestinenseschen Gebidder. Hie publizéiert haaptsächlech fir déi israelesch Zeitung Haaretz a gesäit et als seng journalistesch Flicht un, fir iwwer Mënscherechtsverstéiss a Verbriechen an de besatene Gebidder ze schreiwen. Hie reest eegenen Aussoen no all Woch an d'Konfliktregiounen. Och no de rezente Parlamentswahlen an Israel géifen d'Occupatioun vun Ost-Israel an dem Westjordanland virugoen, mengt den Gideon Levy. Déi israelesch Regierung hätt keen Interessi drun, fir mat de Besetzungen opzehalen.

"Israel huet ni opgehalen nei Siidlungen ze bauen. Dat weist, datt op israelescher Säit kee Wëllen do ass, fir mat der Occupatioun opzehalen oder sech fir eng zwee-Staate Léisung anzesetzen."

Déi international Communautéit dierft d'Mënscherechtsverstéiss géint dat palestinensescht Vollek net ignoréieren, sou den Appell vum israeleschen Journalist, deen dës Woch op Invitatioun vum Comité pour une Paix Juste au Proche Orient zu Lëtzebuerg war.

Och wann Europa mat Scholdgefiller vum Zweete Weltkrich ze kämpfen hätt, dierft dat d'Realitéit vun haut net iwwerdecken. Schold a Responsabilitéit missten also getrennt ginn. Dobäi kennt, sou den Gideon Levy, datt Europa indirekt Verantwortung géif matdroe fir déi prekär Situatioun an den besatene Gebidder. Doduerch géif Europa net nëmmen Responsabilitéit géintiwwer dem israelesche Vollek mee och dem palestinenseschen droen. Europa misst géint d'Mënscherechtsverstéiss an Israel virgoen, sou de Gideon Levy.

"Wann Europa d'Existenz vum Staat Israel garantéiere wëllt, ass dat eng Saach. Mee Europa kann net, wéi bis elo, Verbrieche legitiméieren a souguer ënnerstëtzen a finanzéieren. Domat ënnerstëtzt Europa en Apartheidstaat. Wat huet dat mat de Scholdgefiller vu fréier ze dinn?"

Am Discours géif et net drëms goen eng pro-israelesch oder pro-palestinensesch Positioun ze ergräifen, mee dorëms, op een dat internationaalt Recht vertrëtt oder net, sou den Gideon Levy. Den Israelesche Staat hätt awer an de leschten Joren ëmmer erëm Kritiken un der Occupatioun als anti-israelesch zeréckgewisen. Dat géif dozou bäidroen, datt d'Angscht als antisemitesch duergestallt ze ginn, wiisst. Den israelesche Staat géif dat da strategesch notzen, fir déi politesch Iwwerhand ze halen.

"Et kënnt ganz drop un, ob Europa weiderhin dem israelesche Staat alles Recht mécht oder net. Et geet wierklech net dorëms, Truppen ze schécken an Nablus ze befreien. Mee déi westlech Welt muss ophalen, Israel als säi Liibling ze behandelen. Soulaang den israelesche Staat Gebitter besetzt a kolonialiséiert, dierft d'Land net als Deel vun der demokratescher a fräier Welt ugesi ginn."

Ouni Drock vu bausse wier et schwéier, Israel dovunner ofzehale weiderhi Gebidder ze besetzen, sou nach de Journalist. Hie verweist dobäi op wirtschaftlech Sanktiounen, déi beispillsweis a Südafrika, an den 90er Joren, d'Enn vun der Apartheid provozéiert haten. Am Moment géing d'Politik vun der israelescher Regierung awer nach ëmmer d'Gläichberechtegung vun de Palestinenser an Israelie verhënneren.