Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Polen: Gewalt a Repressioun géint LGBTI-Aktivisten

LGBTI-Rechter

Polen: Gewalt a Repressioun géint LGBTI-Aktivisten

D'lescht Woch goufen zu Warschau bei Protester géint Homophobie 48 Leit festgeholl. D'Situatioun a Polen ass dëse Summer besonnesch ugespaant. D'Campagne am Virfeld vun de Presidentschaftswalen am Juni a Juli war vun oppen homophoben Aussoe markéiert.

auto_stories

3 min


De Bäitrag vum Isabel Scott mat den Aussoen op Engleschplay_arrow


Bei de Wale gouf den amtéierende President Andreij Duda mat enger knapper Majoritéit erëmgewielt. Seng rietskonservativ "Partei vum Recht an der Gerechtegkeet" - mam polneschen Akronym PiS - stellt zanter 2015 och d'Regierung a Polen. Am Walkampf dëse Summer huet den Andrej Duda LGBTI-Leit zum Feind erkläert, seet de Paweł Matusz. Den Doktorand ass LGBTI Aktivist a journalistesch täteg. D'Haltung vun der PiS-Partei beschreift hien esou:

"Si soen, d'LGBT-Beweegung wier eng totalitär Beweegung, déi déi polnesch Séile wéilt iwwerhuelen an déi polnesch Famille wéilt zerstéieren. Dat ass ee kulturelle Konflikt, vun deem d'PiS-Politiker wëssen, datt dat funktionéiert. Well et a Russland, an Ungarn, an an den USA funktionéiert."

Kampf géint jiddwereen, deen net an eng nationalistesch a patriotesch Weltusiicht passt

Den Andrej Duda hätt déi d'Linn am Walkampf nach verschäerft. Um Enn vu senger viregter Amtszäit huet hien LGBT-Rechter als Ideologie bezeechen. "Si benotzen Homophobie, Transphobie an Antisemitismus fir dëse Kulturkampf géint Queer-Leit unzestëppelen - a géint jiddwereen, deen net an eng nationalistesch a patriotesch Weltusiicht passt." Aktivisten, dorënner eng, déi sech als non-binär bezeechent an einfach just Margot genannt wëllt ginn, hate wärend dem Walkampf géint dës Rhetorik mobiliséiert.

"D'Margot ass eng Aktivistin vu 'Stop Bullshit'. Hatt ass eng anarchistesch, non-binär, queer Persoun. Zesumme mat engem aneren Aktivist huet hatt versicht esou ee Bus ze stoppen. Déi Busse vun Organisatiounen, déi géint Ofdreiwunge sinn an déi an all polnesch Stied fueren, fir do schrecklech Desinformatioun iwwer dat Theema ze verbreeden. Si setzen Homosexualitéit an Transgender mat Pedophilie gläich. D'Aktivisten hunn decidéiert ee Gefier ze stoppen, als een Akt vun ziviller Rebellioun."

D'Margot gouf festgeholl, da fräigelooss. Bis de Parquet awer nees hir Festnam ordonéiert huet. Leschte Freideg huet d'Aktivistin zesumme mat aneren Demonstranten op enger Plaz zu Warschau Reebou-Fändele ronderëm Statue vum Jesus a vum Copernicus gehaangen. De Paweł Matusz war dobäi a beschreift, datt et zu enger Konfrontatioun mat der Police koum. Hien a vill aner Leit wiere vun der Police op de Pawee gedréckt ginn, eng Parlamentarierin hätt sech souguer d'Hand gebrach. Allgemeng wier et vill Gewalt ginn, beschreift de Paweł Matusz.

"Ee Gesetz, dat d'Verletze vu reliéise Gefiller bestrooft, gëtt benotzt fir Aktivisten ze ënnerdrécken"

Bal 50 Demonstrante goufe vun der Police festgeholl. Si riskéieren eng länger Haftstrof. A Pole gëtt et ee Gesetz, dat d'Verletze vu reliéise Gefiller verbitt an ënner deem Gesetz soll hatt beschëllegt ginn. Dat géif reegelméisseg gemaach ginn, fir Aktivisten ze ënnerdrécken, déi sech fir d'Rechter vu Fraen a Schwulen a Lesben asetzen.

D'Situatioun erënnert de Paweł Matusz un déi vu Pussy Riot a Russland. Och a Pole géifen d'Aktioune vu Kënschtler an Aktivisten, déi sech fir LGBTI a Fraerechter asetzen, kriminaliséiert ginn. Hie selwer hätt decidéiert Polen 2016 ze verloossen. Eng ëmmer méi staark Intoleranz géint LGBTI Leit wier mat e Grond gewiescht.

"Homophobie an Nationalismus ware fir mech d'Haaptgrënn fir fortzegoen. Ech gouf zu Warschau puermol mat Kolleegen op der Strooss attackéiert. Ech gouf vernannt. Meng Mamm sot mir, dat hei wier fir mech kee Land fir ze liewen. Vill vu menge Frënn ginn aus deene selwechte Grënn fort."

Vun Däitschland aus bleift de Paweł Matusz awer aktiv a versicht op d'Situatioun a Polen opmierksam ze maachen. D'Perspektiven a Pole wieren net gutt, mee et géif trotzdeem Zäit ginn, datt sech eppes ännert.