Radioen

On air

Notturno  |  Wiki & Subjxct 5 - My Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Am Nachhinein ass een ëmmer méi schlau"

Demokratesch Partei

"Am Nachhinein ass een ëmmer méi schlau"

D'DP-Parteipresidentin Corinne Cahen gesäit kee Feeler am Ëmgank vun hirer Partei mat der Mobbing-Affär ëm d'Monica Semedo. Et hätt ee versicht d'Europadeputéiert zu enger éierlecher Entschëllegung an Asiicht ze beweegen. Dat wier net gelongen.

auto_stories

7 min

Et waren zwou turbulent Woche fir d'Demokratesch Partei. Via Communiquéen, mee och a Videoen a Messagen op de soziale Medie goung et hin an hier tëschent der DP an der Monica Semedo. Dëst nodeems d'Europadeputéiert den 18. Januar wéinst Mobbing vum Europaparlament sanktionéiert gi war. Elo ass d'Monica Semedo net méi DP-Member, mee si wëll Europadeputéiert bleiwen.

Trennung tëschent Partei a Fraktioun

Am Réckbléck wier een natierlech ëmmer méi gescheit, mengt d'Corinne Cahen. Mee wierklech Feeler gesäit si am Ëmgank vun hirer Partei mat der Mobbing-Affär net.

D'DP-Parteipräsidentin seet elo zwar, datt si effektiv zejoert scho vum Wiessel an der Equipe vun der Monica Semedo héieren hat. Mee si wier sech der Gravitéit vun de Reprochen net bewosst gewiescht, seet d'Corinne Cahen. An et géif eng Trennung tëscht Partei a Fraktioun ginn: "Ech als Parteipräsidentin mësche mech net an d'Rapporten an, déi d'Deputéiert - weder hei Heem nach zu Bréissel - mat hire Mataarbechter hunn."

Eng éierlech Excuse, zu där et ni koum

D'Monica Semedo hätt Enn Dezember Bescheed gesot, datt et zu enger Sanktioun vum Europaparlament kéim. Si hätt der Europadeputéiert deemools un d'Häerz geluecht sech ze entschëllegen an d'Sanktioun ze akzeptéieren, esou d'Corinne Cahen.

D'DP hätt dann och eng Propose gemaach, wéi een de Communiqué vun der Monica Semedo mat der Entschëllegung sollt formuléieren. De Saz, datt d'Monica Semedo héich Uspréch u sech an hir Mataarbechter hätt, wier awer vun der Europadeputéiert selwer bäigesat ginn: "Fir mech war et keng wierklech éierlech Excuse an et war och keen éierlecht Agesi vum Feeler, deen ee gemaach huet."

D'Corinne Cahen selwer huet zu deem Zäitpunkt kee Kommentar an der Press ofginn. Den DP-Generalsekretär Claude Lamberty sot awer, datt den Dossier fir d'Partei mat der Excuse vun der Monica Semedo zou wier. Réischt eng Woch méi spéit huet d'Partei annoncéiert, datt de Weiserot sech sollt mat der Fro beschäftegen.

"Dossier zou" an awer och net

Fir d'Corinne Cahen ass dat kee Revirement, mee eng "onglécklech Formulatioun" säitens dem Generalsekretär: "Well et war effektiv den Dossier zou, domadder datt si sech entschëllegt huet an datt mir domadder Mol an eis Parteigremie misste goen a kucken, wat ass eigentlech geschitt".

Si hätt sech no der Decisioun vum Europaparlament wëllen Zäit huele fir och mat der Monica Semedo ze schwätzen. Si wéisst net, ob d'Europadeputéiert Accès zum kompletten Dossier hätt. Der Monica Semedo hir Aussoen dozou wieren net kloer gewiescht a si hätt der Partei op alle Fall näischt gewisen. D'Corinne Cahen betount awer, si géif der Enquête an dem Urteel vum Europaparlament vertrauen.

An de Gespréicher mat der Monica Semedo hätt si dann awer "leider, leider musse feststellen, datt am Fong net wierklech de Wëllen do war fir sech éierlech ze entschëllegen".

DP-Posten am Europaparlament blockéiert

D'Corinne Cahen seet, si hätt der Monica Semedo an all hire Gespréicher "eng eenzeg Kéier" gesot, si sollt hiert Amt néierleeën - an dat ouni ze insistéieren. D'Äntwert wier awer gewiescht, si géif iwwerhaapt net dorunner denken. D'Corinne Cahen hält et och fir onwahrscheinlech, datt d'Monica Semedo hir Meenung nach ännert, an op hire Sëtz am Europaparlament verzicht.

D'DP-Präsidentin wënscht sech iwwerdeems, datt den DP-Europadeputéierte Charel Goerens am Amt bleift. Datt hie virun den nächste Wale misst Plaz maachen, fir esou der DP dann awer eng Erneierung am Europaparlament ze erméiglechen, wier keen Thema.

Datt d'DP déi fréier RTL-Presentatrice Monica Semedo iwwerzeegt hätt, fir mat an d'Walen ze goen, war fir d'Corinne Cahen kee Feeler: "Jiddereen huet d'Recht sech opzestelle fir Walen". Am Réckbléck wier et ëmmer einfach ze soen, et hätt ee gewosst, datt dat géif schif goen.

D'Corinne Cahen hofft dann, datt an hirer Partei d'Bewosstsi fir d'Gravitéit vun all Forme vun Harcèlement geschäerft gouf. Wéi eng Conclusioune si doriwwer eraus aus dëser Affär géif zéien, kéint si elo nach net soen.

Journal an Zukunft net méi offiziellt Parteiorgan

Op engem extraordinäre Parteikongress dëst Joer wëll d'Corinne Cahen eng Ännerung vun de Statute proposéieren: Den Artikel 2.2. an deem d'Zeitung "Lëtzebuerger Journal" als offiziell Parteizeitung definéiert gëtt, soll da gestrach ginn. Si hätt dat ëmmer "extrem gestéiert", well d'Press misst onofhängeg sinn.

D'Polemik ëm d'Publikatioun vum Chamberbliedchen-PDF op journal.lu wier fir si den Ausléiser gewiescht, datt dës Ännerung elo séier misst gemaach ginn. Dëst wier am Interessi vun der jonker Equipe, déi den digitalen Optrëtt vum Journal elo nei lancéiert hätt.

De Journal gehéiert zu iwwer 60 Prozent dem "Centre Eugène Schaus", enger ASBL vun der Demokratescher Partei. Si géif net mengen, datt sech un de Besëtzverhältnisser eppes sollt änneren, mee géif sech do och "iwwerhaapt net auskennen". Och zu de finanzielle Lienen tëschent der Partei an dem Journal huet d'Corinne Cahen näischt gesot. Si wier selwer net am "Centre Eugène Schaus", well dat si net géif interesséieren.

Politesche Parcours

D'Corinne Cahen huet Journalismus studéiert, fir RTL geschafft, dann de Schongbuttek vun hiren Elteren iwwerholl, de Stater Geschäftsverband geleet, ass 2013 eng éischte Kéier mat an d'Wahle gaangen an direkt Ministerin ginn. Och dës Legislatur ass d'Corinne Cahen weiderhi fir d'Famill, d'Integratioun an d'Groussregioun zoustänneg.

Zur Fro, ob hiren eigentlechen Dramjob wier fir Stater Buergermeeschterin ze ginn oder ob si kann ausschléisse fir d'DP als Spëtzekandidatin an déi nächst Gemengewahlen ze goen, sot d'Corinne Cahen: "Ech soe weder dat eent nach dat anert. Et léiert ee jo och mat der Zäit: Et seet een näischt."

Sozial Offer nach net grouss genuch

D'Kritik um Asaz vun enger privater Sécherheetsfirma an der Stad kann d'Corinne Cahen net novollzéien. Dat wier fir d'Sécherheetsgefill am Garer Quartier wichteg.

Et géife gläichzäiteg grouss Efforte gemaach ginn, fir Sans-Abrisen an Drogekonsumenten Alternativen an Ausweeër aus dem Liewen op der Strooss unzebidden. Notamment géif elo eng Halte de Nuit just fir Fraen entstoen. Wichteg wier och d'Approche vum "Housing First"-Programm: Hei géife Wunnenge mat engem sozialen Encadrement ugebuede ginn, ouni datt d'Cliente dofir misste vill Konditiounen erfëllen, ewéi eng Aarbecht fannen oder keng Droge méi ze consomméieren. Well wien eng Wunneng hätt, géif sech dacks vum selwe stabiliséieren.

D'Offer géif awer effektiv nach net der ganzer Demande nokommen: "Et ass ganz sécher nach Sputt no uewen. An ech huelen dat och als Challenge un."

Evaluatioun no der Corona-Kris

Bal d'Hallschent vun de Covid-Doudesaffer hei am Land sinn Awunner aus Alters- a Fleegeheemer. Zur Fro, ob si dofir déi politesch Responsabilitéit dréit, seet d'Corinne Cahen natierlech wier all Doudegen een ze vill, an et wieren ze vill Leit gestuerwen, mee: "Ech mengen net, datt een dofir ee ka responsabel maachen. Et muss een dovunner ausgoen, datt jidderee säi Bescht mécht fir dat Schlëmmst z'evitéieren." Am Verglach mam Ausland, hätt een d'Situatioun "relativ anstänneg geréiert".

Wéi d'Pandemie an den Alters- a Fleegeheemer gemeeschtert gouf, dozou wéilt een no der Kris eng Evaluatioun maachen. Anescht wéi beim komplette Lockdown am Mäerz 2020 géif een elo méi differenzéiert virgoen, fir besser tëscht de perséinleche Fräiheeten an dem Schutz virum Virus ofzeweien.

To-Do-Lëscht aus dem Koalitiounsaccord

D'Corinne Cahen huet dës Woch confirméiert, datt d'Kannergeld ewéi am Koalitiounsaccord virgesi vum nächste Joer un nees soll indexéiert ginn. Eng Rei Reformen a Projeten, déi am blo-rout-grénge Regierungsprogramm stinn, muss d'Ministerin awer nach ëmsetzen, dorënner:

  • D'Kannergeld reforméieren, fir engem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff Rechnung ze droen, deen eng Diskriminatioun vu Frontaliere festgestallt huet
  • Wieder Flexibiliséierung vum Congé parental
  • Aféiere vun engem Recht op Deelzäit mat engem finanziellen Ausgläich fir d'Renteversécherung
  • Een neie System fir de Finanzement an Encadrement ausschaffen, fir d'Autonomie vu Mënsche mat Behënnerung ze garantéieren
  • Eng Etüd iwwer d'Liewenskonditioune vu Mënsche mat Behënnerung realiséieren