Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AMMD demissionéiert aus Agence E-Santé

DSP

AMMD demissionéiert aus Agence E-Santé

De Sträit tëscht den Dokteren an der Santé iwwer d'elektronesch Patientendossiere verschäerft sech. D'AMMD huet de Conseil de gérance vun der Agence E-Santé aus Protest verlooss.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Déi Informatioun, déi d'DP Deputéiert Carole Hartmann gëschter an enger parlamentarescher Fro ugedeit hat, huet de President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun eis confirméiert.

Keen Accès zu den Donnéeën

Den Alain Schmit bedauert, datt d'AMMD net wierklech beim Ausbau vun der Digitalisatioun vun der Santé mat agebonne gëtt.

Derbäi kéim datt d'Eegeninitiative vun der AMMD, déi d'elektronesch Patientendossieren unhand vun enger App sollt geréieren a mat där een och kéint beim Dokter bezuelen, sabotéiert gi wier, seet den Alain Schmit.

Ufanks wier gesot ginn, datt Patient:innen iwwer eng App Accès zu hirem DSP kréie kéinten an datt déi Dokumenter och elektronesch signéiert kéinte ginn.

Spéider hätt sech erausgestallt, datt de Wëllen, deen Accès ze ginn, guer net do war an datt Patient:innen deemno keen Accès op hir Dokumenter kruten.

Den Dialog soll net gutt sinn

D'Agence E-Santé, där hiren Optrag et ass eng elektronesch Plattform ze baue fir de landeswäiten an de grenziwwerschreidenden Austausch vu Gesondheetsdonnéeën ze erméiglechen, géif Patient:innen net an de Mëttelpunkt stellen, kritiséiert den Alain Schmit.

Weder fir Frontalieren, déi hallef am Ausland an hallef zu Lëtzebuerg consultéieren, nach fir Europaassuréierter géif den aktuelle System vun den Dossier de soins partagé funktionéieren.

Aus all deene Grënn hätten déi zwee AMMD-Memberen aus dem Conseil vun der Agence E-Santé, deen de CNS President Christian Oberlé presidéiert, demissionéiert. Den Dialog mam Gesondheetsministère wier net gutt.