Radioen

On air

De Moien  |  Plomm, deen neie Kannermusée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AMMD fuerdert Deremboursement vun homeopathesche Mëttelen

Diskussioun ronderëm homeopathesch Mëttelen

AMMD fuerdert Deremboursement vun homeopathesche Mëttelen

Sollen homeopathesch Mëttelen an Zukunft nach vun der Gesondheetskeess rembourséiert ginn? An eisen Nopeschlänner gëtt doriwwer diskutéiert. Frankräich huet rezent souguer en Deremboursement decidéiert.

auto_stories

2 min

Zu Lëtzebuerg wier dat den Ament keng Prioritéit, seet de Romain Schneider. Dem Minister vun der Securité sociale no maachen dës Remboursementer just e Brochdeel vun de Remboursementer vun der CNS aus.

Siwe Medikamenter ginn zu engem Taux vun 80 Prozent vun der Gesondheetskeess rembourséiert. D'Präisser vun dëse Medikamenter variéieren tëschent 1,34 an 9,27 Euro, sou de Minister. Am Ganze mécht dat ronn 52.000 Euro aus. Just ee Prozent vun den Assuréierte profitéiert dovunner.

AMMD: "Lëtzebuerg soll sech Frankräich uschléissen"

D'Doktesch an d'Zänndoktesch Associatioun fuerdert, datt Lëtzebuerg sech der franséischer Decisioun uschléisst. Déi franséisch Regierung hat rezent decidéiert, datt esou Mëttele vun 2021 un net méi vun der Gesondheetskeess rembourséiert ginn.

D'Effikassitéit vun der Homeopathie géif net op enger wëssenschaftlecher Basis berouen, dofir hätt Frankräich dës Decisioun elo geholl, seet de Generalsekretär vun der AMMD, de Guillaume Steichen. Fir d'AMMD ass et wichteg, datt d'Patienten an engem Gespréich mat engem Dokter hir gesondheetlech Problemer duerleeën. A just den Dokter kann hinnen dann eng optimal Prise en Charge ubidden.

D'Wierkung vun Homeopathie ass net mat physikalesche Gesetzer ze beweisen

Dem Dokter Paul Kohn no dierft een allerdéngs net alles an een Dëppe geheien. D'Wierkung vun der Homeopathie wier net mat physikalesche Gesetzer ze beweisen. De Paul Kohn ass ee vun de wéinegen Dokteren, déi sech zu Lëtzebuerg op d'Homeopathie spezialiséiert hunn. Hie schwätzt vun enger zweeter passiver Medezin.

Hie schwätzt vun "enger ganz einfacher" Medezin, déi en anere Prinzip hätt, wéi d'Schoulmedezin. "Et geet drëms de Kierper ze reizen, datt deen erëm selwer alles kann an Uerdnung bréngen. Well et an der Homeopathie manner Niewewierkunge géif ginn, wier dës Form vu Medezin heiansdo och "méi empfeelenswäert", wéi déi traditionell Schoulmedezin.

Et wier wichteg, d'Limitte bei der Homeopathie ze kennen. Fir de Paul Kohn dierften deemno nëmmen Doktere mat homeopathesche Mëttele schaffen.

Norméiere vun der Homeopathie?

"Ech fannen dat schrecklech, wann d'Leit zu mir soen Homeopath. Dat sinn déi, déi aus den Owescourse kommen a keng Ahnung hunn. Ech fanne wann dat richteg genormt wier, da wier ech Facharzt an der Homeopathie. Dat wier ech an Éisträich." De Paul Kohn ass der Meenung, datt d'Homeopathie doduerch eng aner Qualitéit géif kréien an eng aner Wierkung op d'Leit géif kréien.

Ee richtegen Debat doriwwer, wéi wierksam homeopathesch Mëttele sinn, an op se solle vun der Gesondheetskeess rembourséiert ginn, géif een an der Populatioun zu Lëtzebuerg awer net spieren. Do ware sech déi dräi Acteuren eens. D'Regierung wéilt d'Situatioun elo mol Ausland verfollegen.