Radioen

On air

Notturno  |  Modern Nature - Performance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AMMD späert sech géint Diskussioun mat Minister

Tiers payant

AMMD späert sech géint Diskussioun mat Minister

Schaarf Kritik un der Gesondheetskeess an um Sozialminister vun der Doktesch-an Zänndokteschassociatioun AMMD. Ee vun den Ausléiser ass déi rezent Diskussiounen ëm d'Verallgemengerung vum Tiers Payant System - also e Rembourséierungssystem an deem d'Patienten näischt méi beim Dokter virstrecke mussen, mee just nach deen Deel bezuelen, dee si net rembourséiert kréien.

auto_stories

3 min

Den Tiers payant gëtt et ewell an de Spideeler, an den Apdikten a bei de Kinéen. Am Dezember ass eng Petitioun lancéiert ginn, déi gefuerdert huet, dëse System och bei den Dokteren anzeféieren. D'Petitioun krut genuch Ënnerschrëften an am Februar huet d'Petitionärin Jill Sterba se an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert, mat Ënnerstëtzung vum President vun der Patientevertriedung René Pizzaferri a vum OGBL-Gewerkschaftler a Member vum Comité directeur vun der CNS Carlos Pereira.
Doropshi krut de Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider den Optrag, d'Gespréich mat der AMMD a mat der CNS ze sichen. D'AMMD huet awer bis ewell refuséiert, mam Minister iwwert d'Thema ze diskutéieren, huet de Romain Schneider gëschter bedauert.

"AMMD bedreift Propaganda"

D'AMMD géif "Propaganda" géint den Tiers payant maachen, fir hie wier et dofir "relativ kloer, datt een Tiers payant-System fir si net géif a Fro kommen, seet de Romain Schneider. Souwuel hie wéi och d'CNS wiere bereet, fir driwwer ze schwätzen, wéi de System an Zukunft fonctionnéiere kéint.

D'AMMD huet de Minister kritiséiert, deen an de leschte Méint e puer mol gesot huet, datt een den Tiers payant och gesetzlech verallgemengere kéint, am Plaz iwwert d'Konventioun tëscht der CNS an den Dokteren. Domat géif hien d'konventionéiert Medezin a Fro stellen.
D'Decisioun vun den Dokteren ass awer net nëmme beim LSAP-Sozialminister op wéineg Versteesdemech gestouss. Den Deputéierte vun der gréisster Oppositiounspartei CSV, Marc Spautz, konnt d'Astellung vun den Dokteren och net novollzéien.

Marc Spautz iwwerrascht iwwer Positioun vun AMMD

De Minister Schneider hätt vun der Regierung, vun der Chamber Petitiounskommissioun a vun der Kommissioun vun der Securité sociale den Optrag kritt mat den Dokteren ze schwätzen. Datt d'Doktere sech elo enger Diskussioun verspäeren, géif hien iwwerraschen.

Fir d'AMMD huet d'Gesondheetskeess par Rapport zu den Dokteren ze vill e groussen Afloss dorop, wéi eng medezinesch Leeschtunge rembourséiert ginn a wéi eng net. Dat géif d'Behandlungsfräiheet vun den Dokteren aschränken a wier net am Interêt vum Patient. Duerch den allgemengen Tiers payant géif dëse Problem verstäerkt ginn. Kéint d'AMMD sech dann en Tiers payant System virstellen, wann d'Doktere méi e groussen Afloss dorop hätten, wéi eng Leeschtunge rembourséiert ginn? de President vun der AMMD Alain Schmit.

AMMD: "Tiers payant a kengem Fall akzeptabel"

Fir d'AMMD wier den Tiers payant a kengem Fall akzeptabel, seet hire President. Fir den Alain Schmit ass den Tiers payant den "ultime Moyen, fir duerch d'Hannerdier de Patienten eng Restriktioun op d'Prestatiounen ze maachen oder se ze rationéieren".

D'Patientevertriedung ass fir d'Verallgemengerung vum Tiers payant an huet d'Petitioun och mat an der Chamber presentéiert. Dem Alain Schmit no léich dat awer net drun, datt d'Patientevertriedung de Patienten hir Interête wéilte vertrieden.

Et misst ee sech d'Fro stellen, op d'Patientevertriedung "richteg onofhängeg ass" an op si wierklech de Patienten hier Interête vertriede géif, seet den Alain Schmit. An Däitschland géif et den Tiers payant ginn, an do géif ee gesinn datt doduerch géif gespuert ginn an net am Interêt vum Patient géif gehandelt ginn.

D'Patientevertriedung hat hirersäits der AMMD an der Vergaangenheet reprochéiert, datt et hir net ëm de Patient mee ëm de Portmonni géif goen. Bei engem Tiers payant-System wier et fir d'Patiente méi einfach nozevollzéien, wat si aus eegener Täsch bezuele missten, an dat wéilten d'Dokteren net.