Radioen

On air

De Moien  |  The Shins - Phantom Limb

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AMMD kritiséiert Accord tëschent Santé an FHL

Spidolswiesen

AMMD kritiséiert Accord tëschent Santé an FHL

D'Santé huet eng Konventioun mat der Spidolsfederatioun iwwer d'Indemnisatioun vun de Garden an Astreintë vun den Dokteren ënnerschriwwen. D'AMMD weist sech skandaliséiert, den Accord wier ouni d'Dokteren ausgehandelt ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Fir d'Garden, déi en Dokter an der Woch oder de Weekend op der Plaz assuréiert, gi 96 Euro d'Stonn, zousätzlech zum normalen Tarif bezuelt. Fir de Bereetschaftsdéngscht goufe 40 Euro d'Stonn zousätzlech festgehalen.

Dës nei Konventioun soll retroaktiv vum 1. Juni u gëllen. Et handelt sech ëm e Pilotprojet, dee vun engem Comité begleet an evaluéiert soll ginn.

Kritik vun der AMMD

Dat entsprécht net deem, wat d'AMMD sech virgestallt hat, seet den Dr. Alain Schmit, President vun der AMMD.

Déi Tariffer wieren och net nei, d'AMMD fuerdert eng Unerkennung fir déi 24 Stonnen, déi Dokteren an de Spideeler misste schaffen, souwuel ënner der Woch, wéi och Weekends.

D'AMMD fuerdert, datt déi Indemnitéit vum Staat direkt un d'Doktere bezuelt soll ginn, an net iwwer d'Spideeler. D'Doktere kéinte soss vu de Spideeler ënner Drock gesat ginn, warnt den Dr. Alain Schmit.

Ausserdeem wier de Perimeter vun deene Garden, déi indemniséiert solle ginn, net gewosst, esou d'Kritik vun der AMMD.

FHL begréisst den Accord

Fir de President vun der Spidolsfederatioun ass et een éischte Schratt. Mam Asaz vun engem Comité, dee vum nächste Joer un de Projet begleede soll, kéinten et nach Verbesserunge ginn.

U sech wier et awer eng gréisser Zomm, déi de Staat dofir géif virgesinn, seet den Dr Philippe Turk, President vun der FHL:

"Mir mussen elo kucken, wéi d'Dokteren an de Spideeler reagéieren, do gëtt et där enger an där anerer. Mir mengen, datt dat heiten ee grousse Schrëtt ass. Et ass net nëmme symbolesch, et ass eng Enveloppe vu 40 Milliounen Euro, hei an de System gëtt an datt ass wierklech net negligabel."

De President vun der FHL ënnersträicht, et wieren d'Dokteren, déi de Verhandlungsdësch verlooss hätten.