Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amnesty Lëtzebuerg seet säi Fakelzuch of

No Annonce vun Impfgéigner

Amnesty Lëtzebuerg seet säi Fakelzuch of

Amnesty International annuléiert de Fakelzuch fir d'Mënscherechter, deen e Freideg den Owend an der Stad geplangt war. Den Direkter vun Amnesty Lëtzebuerg, Olivier Pirot, sot eis, no Ofsprooch mat den Autoritéite wier een zur Conclusioun komm, datt d'Sécherheet vun de Manifestanten net kéint garantéiert ginn.

auto_stories

1 min

An de leschten Deeg hate militant Impfgéigner dozou opgeruff sech der Demonstratioun vun Amnesty unzeschléissen. Den Olivier Pirot betount, d'Annulatioun wier keng einfach Decisioun gewiescht.

Den traditionelle Fakelzuch um internationalen Dag vun de Mënscherechter hätt nämlech en héije symbolesche Wäert. Amplaz vum Fakelzuch rifft Amnesty d'Leit elo dozou op e Freiden tëscht 10 an 18 Auer mat enger Käerz virun hir Hausdier ze goen, an eng Foto dovun op de soziale Netzwierker ze posten fir esou Ënnerstëtzung fir d'Mënscherechter ze weisen.