Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amnesty-Generaldirekter: Covid-Restriktioune verstoussen net géint Mënscherechter

Gesellschaft

Amnesty-Generaldirekter: Covid-Restriktioune verstoussen net géint Mënscherechter

Soulaang d'Aschränkunge vun de perséinleche Fräiheeten "proportionéiert", an der Zäit limitéiert an "adequat" sinn, kéint ee se net als Agrëff an déi perséinlech Fräiheete gesinn. Dat seet de Generaldirekter vun Amnesty Lëtzebuerg. Den Olivier Pirot fënnt net, datt zu Lëtzebuerg mat de Covid-Restriktioune géint d'Mënscherechter verstouss gouf.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

Déi Restriktiounen déi den Ament gëllen, wieren decidéiert ginn, fir op ee Probleem vun der ëffentlecher Gesondheet ze reagéieren. Se misste reegelméisseg analyséiert an iwwerschafft ginn a se géifen no der Pandemie hier Gëltegkeet verléieren. Fir hie wier déi aktuell Covid-Gesetzgebung e gelongene Balanceakt tëscht santé publique a Mënscherechter, sou den Olivier Pirot.

Et wier un all de gesellschaftlechen Acteure fir déi ëffentlech Autoritéite konstant drop opmierksam ze maachen, fir d'Mënscherechter am Kontext vun der Pandemie ze respektéieren. Hien hätt net den Androck, datt mat de Covid-Restriktiounen zu Lëtzebuerg iergend eng Limite iwwerschratt gi wier. D'Recht op Gesondheet wier och ee Mënscherecht an et wier dem Staat seng Aufgab fir déi och ze garantéieren.