Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ampel-Koalitioun: Sondéierungsgespréicher solle muer ufänken

Däitschland

Ampel-Koalitioun: Sondéierungsgespréicher solle muer ufänken

Zéng Deeg no der däitscher Bundestagswal hunn all déi méiglech Regierungsparteie matenee geschwat. No interne Berodungen huet d'Bündnis90/Die Grünen déi éischt konkret Schrëtter a Richtung Sondéierungsgespréicher gemaach. Si géifen der liberaler FDP proposéieren, elo zesummen mat der SPD de Wee a Richtung vun enger Ampel-Koalitioun ze fannen. D'FDP huet hirersäits d'Offer ugeholl a wëllt séier Gespréicher ufänken.

auto_stories

3 min

D'Course ëm dat däitscht Kanzleramt ass nach net decidéiert. Mee: Et ass ee Schrëtt an déi Richtung. Béid Parteien, souwuel déi Gréng wei och d'FDP, hunn an de leschten Deeg dat Eenzegt gemaach, wat se hätte kënne maachen: Mol mat all Mënsch schwätzen an dann hir Preferenz festleeën. Datt fir déi Gréng déi Preferenz eng Ampel mat der SPD wier, an net en Jamaika-Bündnis mat der Unioun vun CDU/CSU, dat ass lo net wierklech iwwerraschend.

Datt d'FDP sech awer sou oppe gewisen huet an d'Offer vun de Gréngen hei unhëlt, dat ass schonn e bësse méi iwwerraschend. Et muss een awer och kloer soen: Béid Parteien hu ganz genau drop opgepasst, sech net ze wäit aus der Fënster ze leenen. Dat heescht: se hu keng Optiounen ausgeschloss, se hu sech net endgülteg festgeluecht.

Gläichzäiteg hunn déi Gréng eng Jamaika-Koalitioun awer net ausgeschloss. Et soll ebe just als éischt mat SPD an FDP geschwat ginn. De Problem ass awer natierlech deen, datt se déi Decisioun net eleng kennen treffen. D'FDP muss dee Wee och wëllen aschloen.

Ampel-Koalitioun huet Prioritéit

Datt weder déi gréng nach déi Liberal eng Jamaika-Koalitioun ausgeschloss hunn, ass zum Deel natierlech Taktik. Et ass, wann een an esou Verhandlunge geet, natierlech gutt eppes an der Hannerhand ze hunn. Konkret: Wann ech bei Iech net dat kréien, wat ech wëll, da kann ech jo och bei déi aner goen.

Mee, an dat hunn déi Gréng relativ däitlech gesot, d'Ampel huet elo mol Prioritéit. Et solle keng parallel Gespréicher mat der Unioun ginn, dat wier theoretesch jo och méiglech gewiescht.

An d'FDP huet sech deem ugeschloss. Muer scho wäerten SPD, Gréng a Liberal éischt Gespréicher féieren. Dat ass séier - méi séier, wéi virun enger Woch nach gefaart. An d'Ampel - wou jo dräi Walgewënner matenee géife regéieren - huet elo jiddefalls d'Nues vir.

Och déi Gespréicher vu muer sinn nach Sondéierungsgespréicher - dat heescht, et fënnt ee sech. Aus deem Treffe kommen d'Parteien net mat engem Koalitiounsaccord eraus. An eréischt wann et sou wäit ass, kann ee soen, datt d'Course ëm d'Kanzleramt wierklech decidéiert ass.

D'Vertrauen an d'Unioun ass net grouss

Aus de Gespréicher tëschent de Parteien an de leschten Deeg ware vill Detailer an d'Ëffentlechkeet komm. Déi gréng an d'FDP hunn d'Unioun dofir verantwortlech gemaach. Besonnesch der d'Bild-Zeitung goufen immens vill Informatioune gestach.

Déi zwou kleng Parteie waren net amuséiert doriwwer. Den FDP-Vize Johannes Vogel sot zum Beispill, et wier opfälleg, datt besonnesch aus deene Gespréicher géifen Informatiounen un d Luucht kommen, bei deenen d'Unioun derbäi ass. Dat géif nerven, sot och de Grénge-Geschäftsführer Michael Kellner.

Mee: Et ass eben net kloer, vu wiem d'Informatioune kommen. Et ka jo och sinn, datt Net-Uniouns Leit do Saache weiderginn, fir der Unioun an dem Armin Laschet ze schueden. Och dat ass méiglech.

Et ass awer natierlech sou, datt dës Affär d'Vertrauen tëscht de Parteien net verbessert. An dorops kënnt et am Endeffekt jo un: Fir eng Koalitioun anzegoen, musse sech d'Parteien openee verloosse kënnen. An ob dat mat der Unioun iwwerhaapt méiglech wier, dat steet elo ganz seriö a Fro.