Radioen

On air

De Moien  |  Superwaljoer um afrikanesche Kontinent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An der Epicerie Sociale zu Esch gi verschidde Produite rationnéiert

Gesellschaft

An der Epicerie Sociale zu Esch gi verschidde Produite rationnéiert

De Krich an der Ukrain mécht sech am Moment och an de Regaler vun de Supermarchée bemierkbar: Et ass iech vläicht schonn opgefall, datt de Sonneblummenueleg méi deier ginn ass, an datt an der Lescht och heiansdo guer keen Ueleg ze kréien ass. Fir déi meescht vun eis ass dat kee risege Problem, well et kann ee jo aner Produite benotzen, och wann déi vläicht e bësse méi deier sinn. Mee esou einfach ass et net, wann ee souwisou schonn all Mount Problemer huet fir d'Ënner beieneen ze kréien.

Mir waren dofir an d'Epicerie Sociale op Esch ukucken, wéi een Impakt d'Präishaussë bei de Liewensmëttel do am Moment hunn.

auto_stories

3 min

Scho kuerz no hallwer zwou leeft de Scanner vun der Kees am Caritas-Buttek waarm. Déi sozial Epicerie an enger Niewestrooss vun der Escher Uelzechtstrooss huet eréischt virun e puer Minutten opgemaach, mee et ass schonn eng laang Schlaang virun der Kees. E puer Dose Leit hunn esou guer schonn um Trottoir gewaart éier d'Dieren opgoungen.

Nei wier dat net, seet d'Deborah Simoes, déi sech em d'Organisatioun vum Buttek këmmert. Duerch d'Pandemie hätt sech d'Situatioun awer verschäerft.

Och déi méi héich Präisser hätte bis ewell net dozou gefouert, datt däitlech méi Leit op d'Escher Epicerie Sociale ugewise wieren, esou d'Deborah Simoes. Si ass awer der Meenung, datt dat sech nach kann änneren "... well d'Energie-Präisser méi héich ginn, an déi normal Stéit, mat engem Mindestloun, net méi nokomme mat bezuelen. An dat ka jidderengem geschéien."

Ee Beispill vu villen

Séier Gaang war dat zum Beispill bei enger pensionéierter Fra mat bosneschen Originnen, déi eis hir Geschicht erzielt huet. Mir nenne si an dësem Reportage Amina. Si ass zënter 33 Joer zu Lëtzebuerg. An am Oktober d'lescht Joer koum si fir déi éischte Kéier an d'Epicerie Sociale.

"Parce que mon mari est parti. Moi, je suis resté seul avec ma fille. Après elle a aussi trouvé un Copain. Et moi je suis resté seul. Et moi j'avais pas d'autre choix que d'aller chez l'assisstant social. C'est tout."

Wie finanziell an enger schwiereger Situatioun ass, ka beim Office sociale vu senger Gemeng Bonge kréien, déi een an der Epicerie sociale kann aléisen.

All concernéierten Erwuessen huet ee Bong vu 25 Euro pro Woch ze gutt. Dee Bong kann een dann am Caritas Buttek géint Produiten antauschen, déi hei an der Reegel zu ongeféier engem Drëttel vum géinge Supermarchés-Präis ugebuede ginn.

Verschidde Produite si rationnéiert

D'Amina huet sech am Ufank awer missen iwwerwanne fir an de Caritas-Buttek ze kommen. Si géif zënter 33 Joer zu Lëtztebuerg liewen an hätt sech um Ufank e bësse geschummt fir an d'Epicerie sociale ze goen.

Zenter e puer Méint kënnt d'Amina allerdéngs elo reegelméisseg an d'Epicerie Sociale fir sech mat essentielle Produiten anzedecken. Déi huet si haut och all fonnt - ausser den Ueleg.

Grad dës Basis-Produite sinn an de leschte Wochen méi deier ginn. A virun allem d'Regal mam planzleche Frittéierueleg bleift, wéi haut, dacks ganz eidel. Hannert der Kees hänkt mëttlerweil eng Lëscht mat deene Produiten, déi all Client just ee mol pro Woch ze gutt huet: Dozou gehéieren Ueleg, Miel an Zocker.

D'Stëmmung am Butték war deslescht méi dacks ugespaant

Et wier net esou einfach fir d'Leit sech un déi Limitten ze gewinnen, well se bis elo gewinnt waren, datt se alles en masse konnten huelen, erkläert Deborah Simoes. Duerch déi nei Situatioun wier d'Stëmmung am Buttek a leschter Zäit dann och heiansdo méi ugespaant.

Wien an der Epicerie Sociale net dat kritt wat ee sicht, muss nämlech dacks ganz drop verzichten. Och d'Amina huet hir Gewunnechten schonn ugepasst. Si vermësst virun allem d'Miel.

Mee och wann et am Moment manner selwer Gebakenes doheem gëtt, esou hellt d'Amina d'Situatioun awer sportlech.

"On continue à vivre. Si c'est cher ou pas cher - on continue à vivre."