Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An der Expansioun

"Société Nationale des Habitations à Bon Marché"

An der Expansioun

D'SNHBM wäert dëst Joer hiert d'Bauzil vun 250 neie Wunnengen erreechen, seet den Direkter Guy Entringer. D’Kapital vun der Gesellschaft géing am Mee ëm 10 Milliounen op 66 Milliounen erop gesat ginn. D’lescht Joer wären 30 nei Leit agestallt ginn. Mee der SNHBM géing et u Visibilitéit feelen. Eng Fusioun mam "Fonds du Logement" wier ausgeschloss.

auto_stories

3 min

Guy Entringer

Tëscht 2005 an 2015 huet d'SNHBM 90 Wunnengen d'Joer gebaut. D'lescht Joer waren et der 230. 2017 wäert een d'Zil vun 250 erreechen, seet den Direkter vun der "Société des Habitations à bon marché". An 100 Joer huet d’SNHBM 9.000 Wunnenge gebaut; dat ass manner wéi aktuell all Joer nei Residente bäikommen.

Zu Lëtzebuerg läit den Taux vu Sozialwunnenge bei 2 Prozent. Et wier bis elo ëmmer d'Politik zu Lëtzebuerg gewiescht, datt Leit hier Wunnenge kafen, esou de Guy Entringer. Fréier Sozialwunnenge wieren haut keng méi, well d'Leit no enger Rei Joren hir Wunnenge verkaaft hunn. An Zukunft soll dat net méi de Fall sinn. D'SNHBM huet fir nei Wunnengen en "Droit de présomption" vun 99 Joer.

Kapitalerhéijung bei gläiche Parten

Am Mee wäert den ëffentleche Promoteur fir soziale Wunnengsbau eng Kapitalerhéijung vun 10 Milliounen Euro duerchzéien, seet den SNHBM-Direkter. Déi 7 Aktionären hätten hiren Accord ginn: de Staat, de Rentefong, d'Spuerkeess, an déi véier Gemenge Lëtzebuerg, Esch, Déifferdeng an Diddeleng. Dobäi géifen d'Aktionären och an hirem aktuelle Verhältnis bleiwe wat hir Parten ugeet.

Ob de Marché méi reguléiert soll ginn, wier e politesche Choix, seet de Guy Entringer. "Mir als SNHBM probéieren einfach d'Offer an d'Luucht ze kréien." All Joer kéimen iwwer 10.000 nei Residenten op Lëtzebuerg. Dat kéinten net eleng déi ëffentleche Promoteur SNHBM an de Fonds de Logement maachen. Och d'Gemengen an de Staat missten Initiative ginn, fir datt grouss Projeten op de Maart kommen. Da kéinten iergendwann d'Präisser och falen, seet de Guy Entringer.

Eng weider Schrauf wier fir bestoend Bauland ze aktivéieren. Et géinge Sitte ginn, déi wieren an de 70 Joren amenagéiert ginn, mee d'Bauplaze wieren nach ëmmer net all besat. Verschidde Gemenge wieren do méi "zaghaft".

Fir déi läscht zwee Joer huet d’SNHBM 30 nei Leit agestallt; et wär net ëmmer einfach déi Leit ze fannen déi ee bräicht fir der eegener Expansioun gerecht ze ginn. E Problem wären d’Sproochen. “Mir si fokusséiert drop, datt d'Leit déi dräi Sprooche schwätzen. Bei deenen Hürden ass et net ëmmer evident." A verschiddene Beräicher hätt een da scho Schwieregkeete fir Leit ze fannen.

SNHBM a Fonds de Logement: "wéi Bridder"

"Mir hunn eng ähnlech Philosophie", seet den SNHBM-Direkter. De Fong géif sech haaptsächlech op d'Locatioun konzentréieren, d'SNHBM op d'Vente. Woubäi bei der SNHBM mëttlerweil 20 Prozent vun der Produktioun och an d'Locatioun géife fléissen. Et wier sënnvoll, datt et zwee Acteure géif ginn. Am Ausland wier et Usus, datt et eng Parti ëffentlech Acteure géif gi fir soziale Wunnengsbau.

Firwat net fusionéieren, wéi dat ënnert der viregter Regierung geplangt war? "Mir hunn zwou verschidde Philosophien", seet dann awer de Guy Entringer. Et kéint een net einfach esou decidéieren, zwou Gesellschaften zesummen ze geheien. De Fong géing vill méi mat externen Architekten zesumme schaffen, wéi d'SNHBM. Woubäi alle béid grouss Projeten hätten. Et wier genuch Aarbecht do fir zwou Gesellschaften. Et géifen net vill Punkte ginn, wou een aus enger Fusioun eppes géif gewannen, fënnt de SNHBM-Direkter. Och fir d'Gemenge wier et sënnvoll, datt et zwou ëffentlech Promotiounsagencë gi fir soziale Wunnengsbau.

Waardelëschten: net wierklech

De Problem vun de Waardelëschten hätt sech geännert. Mëttlerweil wiere fir verschidde Sitten direkt Wunnengen disponibel: Gréiwemaacher, Lamadeleine, oder Miersch. Um Kierchbierg misst een natierlech méi laang waarden. "Fir verschidde Lokalitéite wier ee frou, wann d’Clienten eis fannen". D'SNHBM wier net esou visibel wéi de "Fonds de Logement". "Mir musse méi bekannt ginn", seet de Guy Entringer.