Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An der Gemeng Beefort muss nei gewielt ginn

Gemengewalen

An der Gemeng Beefort muss nei gewielt ginn

An der neier Proporzgemeng Beefort kënnt et zu Neiwalen: d'Gemengewale vum 11. Juni ginn annuléiert, well ee Kandidat net eligibel war. Dat huet d'Cour Administrative decidéiert, nodeems ënner anerem den Inneministère an déi eelef Kandidate vum Buergermeeschter Camille Hoffmann senger Lëscht Recours gemaach haten. D'Walen an der Gemeng ginn elo op den 8. Oktober geluecht, den Dag vun de Chamberwalen.

auto_stories

2 min

Foto: Serge Kesseler

Lauschterenplay_arrow


De Kandidat vun der "Biergerlëscht Beefort Déiljen Grondhaff", Dario Ballanti, hat d'Wunnsëtz-Klausel aus dem Walgesetz net respektéiert. Zum Zäitpunkt vu senger Kandidatur hat hien net zënter op d'mannst sechs Méint seng Résidence habituelle zu Beefort. Trotzdeem hat hie bei de Walen den 11. Juni kandidéiert.

Dowéinst haten den Inneministère, d'Kandidate vun der Buergermeeschter-Lëscht "Är Lett" an eng weider Biergerin aus der Gemeng Beefort direkt no de Gemengewale Recours gemaach.

D'Cour Administrative huet an hirem Arrêt dës Recourse fir recevabel a fondéiert deklaréiert, an huet d'Annulatioun vun de Wale vum 11. Juni decidéiert, well ee Kandidat participéiert hat, deen net eligibel war.

Neiwalen eenzeg Manéier fir ee gesetzeskonformt Resultat ze kréien

Bei de Gemengewale war den Dario Ballanti den Drëttgewielten zu Beefort ginn. De 15. Juni hat hien deklaréiert, op säi Mandat als Gemengeconseiller ze verzichten.

Dem Geriicht no géif dës Demarche awer net duer goen fir d'Legalitéit vun de Walen ze etabléieren, respektiv ze retabléieren. D'Annulatioun vun de Wale mat Neiwale wieren déi eenzeg Manéier, ee gesetzeskonformt Walresultat zu Beefort ze kréien.

Den neien Datum fir d'Walen an der Gemeng Beefort ass den 8. Oktober, den Dag vun de Chamberwalen.

An der Gemeng Beefort war dëst Joer eng éischte Kéier nom Proporzsystem gewielt ginn.