Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An elo kënnt och nach d'Civitas op Lëtzebuerg ...

Fräie Mikro

An elo kënnt och nach d'Civitas op Lëtzebuerg ...

Am Fräie Mikro vun haut mécht de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker zu Lëtzebuerg, sech Suergen doriwwer, datt sech eng kathoulesch integristesch Gruppéierung, Civitas genannt, amgaang ass sech zu Lëtzebuerg ze etabléieren a warnt virun de falschen Heilsverspriechen, déi vu Guruen aus hirem Ëmfeld verbreet ginn.

auto_stories

3 min

Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Ech hu laang gezéckt fir dëse Bäitrag ze maachen, well ech domat ongewollt Reklamm fir eng Gruppéierung maachen déi à l'Opposé ass vun all dem firwat mir als Humanisten, Atheisten an Agnostiker stinn. Mee well mir eis fir Opklärung a géint Obskurantismus asetzen, kann ech eng rezent Entwécklung net onkommentéiert loossen: CIVITAS etabléiert sech grad zu Lëtzebuerg.

Wat ass dat iwwerhaapt fir eng Organisatioun?

Et ass eng kathoulesch integristesch Gruppéierung, déi sech bis elo haaptsächlech an de frankophone Länner wéi Frankräich, Belsch a Schwäiz entfaalt huet, mee net nëmmen do... wéi ee lo gesäit. Op hire Social-Media Säite gëtt géint alles net-chrëschtleches gebashed a geduddert. Et geet vun de Judden iwwer d'Fräimaurer bis zur LGBTQ-Community. Déi eng wéilten d'Welt dominéieren an hiren New World Order duerch ee Great Reset duerchboxen an déi aner géifen de Leit Flausen an de Kapp setzen, vum fräie Liewen an Zesummeliewen, a besonnesch déi aarme Fraen a Kanner domat total pervertéieren. Et gëtt vun enger "lutte totale contre la mondialisation" geschwat a vun enger Sich nom "pays réel". Do fillt ee sech direkt un däischter brong Zäiten erënnert. Dat gëtt nach verstäerkt duerch nationalistesch Fändelen, rietsradikal Symboler an Uspillungen un d'Kräizzichritter an un de "combat eschatologique" oder de bibleschen Endkampf tëschent dem Gudden an dem Béisen, dee prophezeit gëtt.

Et handelt sech ëm méi wéi e puer vereenzelt Léit. Wann een e bësse recherchéiert, da stéisst een op Videoe vun enger Versammlung an engem Lëtzebuerger Hotel. Verschidde Léit déi een do gesäit, ware béi der faméiser parlamentarescher Unhéierung dobäi, wou och de bekannten Nobelpräisträger Luc Montagnier opgetrueden ass. A ronderëm verschiddener vun deenen, déi och dem Anti-Vaxx Mouvement zougezielt kënne ginn, kreéieren, verstäerken oder institutionaliséieren sech divers politesch Mouvementer, déi dem rietspopulistesche bis riets-extreme Milieu zougerechent kënne ginn.

Wisou sollt eis dat beonrouegen a wou ass hei den Opklärungsbedarf?

Hei si verschidde Perséinlechkeeten, déi fréier als unerkannte Fuerscher täteg waren, mee sech elo als allgemeng Experten ausginn a sech guruméisseg als Autoritéitspersounen, wäit iwwer hir eigentlech Expertise eraus, och iwwert Soziales, Politik a Gesellschaft ausloossen. Mee hir Autoritéit, symboliséiert duerch en eloquenten Discours an ënnermauert vun engem Doktertitel virum Numm, mécht d'Paart wäit op fir Manipulatioun am grousse Stil. Et ginn absolut, total Wourechte mam Zoppeläffel zerwéiert a genossvoll vun de "Groupien" geschléckt a weider verbreet.

Do musse mir Alarm schloen. Do kënne mir net wechkucken, mee mussen drop opmierksam maachen. Well net wéineg Leit falen op Heilsfigure ran, deenen se blannemännerches, ouni ze iwwerleeën oder Saachen a Fro ze stellen, total follegen an nolafen. An dat ass immens geféierlech.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.