Radioen

On air

Notturno  |  Ele Wakelele - The Jolly Boat Song Feat. Mercy Myra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An engem libeschen Detentiounscamp

Afrika-Missioun

An engem libeschen Detentiounscamp

Libyen war e Méindeg d'Destinatioun vum Lëtzebuerger Ausseminister senger Afrikatour. D'Sécherheetsmesure ware ganz héich. Nieft enger Entrevue mam libeschen Ausseminister, gouf e staatlecht Lager fir Flüchtlingen a Migrante besicht.

auto_stories

2 min

Tarek el Matar ass ee vun zwou Dosen offiziellen Detentiounscampe fir sougenannten illegal Migranten a Libyen. Hannert héije Maueren: Fraen a Kanner déi eng Säit, vill méi Männer a Jongen déi aner Säit. E puer Honnert waren an engem Haff opgestallt, fir de Lëtzebuerger Minister a seng Delegatioun. Mir duerfte ronderëm goen a mat de Leit schwätzen.

"Iessen ass e Problem", seet een Här. Heiansdo hätt een Iessen, mä kee Waasser, heiansdo Waasser awer keen Iessen. 200 Mënsche misste sech véier Toiletten deelen. "Ech fille mech wéi e Gefaangenen. Zënter engem Mount sinn ech hei, mä ech konnt nach net mat menger Famill schwätzen. Si wësse mol net, ob ech nach liewen." Et géif keng Medezin ginn, jidderee wier krank. D'Mënsche géife wéi Déiere behandelt ginn. "Je souffre d'une manière que je n'ai jamais souffert."

Flüchtlinge si keng Prioritéit

De Jean Asselborn seet, hie géif déi Aussoen eescht huelen. "Doropshi wou dir mir dat gesot hutt, hunn ech an ärer Presenz d'Fro gestallt de Leit vun der OIM. A si hu gesot, wat si wéissten, wär dat net wouer."

Libyen huet déi international Konventioun vun 1951 iwwert de Statut vun de Flüchtlingen net ënnerschriwwen. Dat wäert an nächster Zukunft och net geschéien. D'Land hätt d'Moyenen net, fir déi Konventioun z'applizéieren, erkläert de Lëtzebuerger Ausseminister no senger Entrevue mat sengem libeschen Homolog.

De Jean Asselborn mam Ausseminister vun der international unerkanntener libescher Regierung, Mohamed Ataher Syala

Libyen huet aner Prioritéiten. "Constitution, élections, reconciliation. Pas dans cet ordre chronologique, mais en même temps", seet de Ghassan Salamé, Spezialbeoptragte vum UNO-Generalsekretär a Libyen.

Raus aus Libyen

Zënter engem CNN-Reportage virun dräi Méint, dee Sklavenhandel an illegale Flüchtlingscampen dokumentéiert huet, wëllt déi libesch Regierung déi illegal an déi eege legal Campen zoumaachen.

D'Flüchtlinge mam Statut vum UN-Flüchtlingswierk UNHCR sollen aus dem Land erausgeflu ginn. An enger éischter Phas an de Niger, vu wou si da weider verdeelt ginn a Länner, déi bereet sinn, si opzehuelen.

Déi international Organisatioun fir Migratiounen OIM offréiert fräiwëlleg Retoure fir déi aner, zréck an hir Heemescht. Mat 50 Euro Täschegeld, an engem Reintegratiounsprogramm, dee bis zu 1.000 Euro pro Persoun chiffréiert gëtt.

Lauschterenplay_arrow