Enn Juni gouf de Jean-Claude Thümmel vum Eisebunner-Secteur vun der Gewerkschaft net méi an dat Gremium gewielt, aus deem d'Exekutiv ervirgeet. De 14. Oktober ass en anticipéierten Nationalkongress, op deem een neie Virstand soll gewielt ginn. Wéi et fir hien nom Nationalkongress weider geet, wéisst hien nach net genee, esou de Jean-Claude Thümmel.
Eigentlech nach bis d'Sozialwahlen
Als Sekretär vum Comité mixte vun der CFL géif hien och an Zukunft weider mam Landesverband zesummeschaffen, esou de Jean-Claude Thümmel am 100,7-Interview. Wéi laang hien dës Funktioun awer nach ausfëlle géif, weist hien nach net.
"Dat Mandat géif eigentlech bis déi nächst Sozialwahlen lafen. Ech denken awer net, datt ech esou laang wäert dobäi bleiwen. Ech probéieren den Iwwergang nach sou gutt wéi méiglech ze preparéieren. Wéi laang dee wäert sinn, muss ech selwer decidéieren."
Leit mat Bëss an Erfahrung
Et wier wichteg, datt de 14. Oktober, um Nationalkongress vun der Gewerkschaft, e kompetent Team gewielt géif ginn, fir de Landesverband weiderzeféieren, esou de Jean-Claude Thümmel. De Moment géif en datt awer fir schwiereg halen.
"Et schielt sech ëmmer méi eraus, datt de Verband an eng aner Richtung geet, mat enger neier Equipe. Et ass net onbedéngt u mir, fir dat elo ze bewäerten. Fir mech ass et wichteg, datt do Leit an déi nei Féierung kommen, déi déi Aarbecht och seriö huelen, mat dem néidegen Enthusiasmus a mat dem néidege Bëss.
Am Landesverband gëtt et zanter Méint een interne Muechtkampf. De Jean-Claude Thümmel seet am 100,7-Interview hie géif net direkt den oppene Muechtkampf gesinn, mä hie kéint sech awer virstellen, datt dësen ënnert der Uewerfläch géif gefouert ginn. Et géif dat Ganzt senger Meenung no net méi einfach maachen.