Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An Zukunft méi douce Mobilitéit zu Esch

Lokale Mobilitéitsplang 2035 vun der Gemeng Esch

An Zukunft méi douce Mobilitéit zu Esch

De lokale Mobilitéitsplang 2035 vun der Gemeng Esch sollt eng Iwwersiicht ginn, iwwer eng zukünfteg sécher a Nohalteg d'Mobilitéit an der Stad Esch, esou den Escher CSV Buergermeeschter Georges Mischo. Déi douce Mobilitéit soll méi an de Vierdergrond gesat ginn. D'Oppositioun stellt sech allerdéngs e puer Froen.

auto_stories

2 min

Foto: Morgane Weidig

D'Mobilité Douce, dat heescht d'Méiglechkeeten sech zu Fouss, mam Vëlo oder Trottinetten ze beweegen, soll méi an de Vierdergrond gesat ginn.

Weider Vëlosweeër net virgesinn

Fir d'Vëlos-Netzwierk solle lo nach am Mee eenheetlech Schëlder komme fir d'Weeër unzeweisen. Den Aschätzunge vum Responsabele fir d'Aarbechten an der Gemeng, Lucien Malano, no, wier d'Baue vu weidere separate Vëlosweeër net méiglech an net virgesinn. Déi Raim hätt een zu Esch "definitiv net", an et wäert ee se och net kréien, esou de Lucien Malano.

"Mir hunn awer den Avantage, well mir do Virreider waren an der Zäit, vun den Tempo 30 Zonen. An de Code de la Route an Dispositioune vum Staat ginn de Moment eigentlech net vir, datt een a sou Zonen nach reservéiert an dediéiert Vëlosweeër muss maachen."

Fir de Steve Faltz vun der Escher LSAP Oppositioun géing dat net duergoen. E Netz u Vëlosweeër misst zou sinn, a sou mann wéi Méiglech ënnerbrach ginn, fir datt fir de Vëlosfuerer keng Gefor besteet.

Oppositioun: An de leschte sechs Joer "näischt gemaach"

Allgemeng kritiséiert de Steve Faltz och d'Presentatioun vun dësem Plang. Et wier komesch, datt dëst 100-säitegt Dokument esou kuerz virun de Walen virgeluescht géing ginn.

"Wou an deene leschte sechs Joer, ausser der Vëlos-Bréck, déi jo vum Staat gebaut gouf, näischt gemaach ginn ass. Wann dat d'Aart a Weis ass fir Verkéierspolitik ze maachen, fannen ech dat bësse schwaach."

Vum Buergermeeschter Georges Mischo heescht et datt esou e Mobilitéitsplang net just an engem Weekend gemaach ka ginn an et hätt ee puer Méint gebraucht deen opzestellen.