Radioen

On air

Tockcity  |  Leap - Exit Signs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Analys vun de franséische Parlamentswale

Nicolas Duca

Analys vun de franséische Parlamentswale

Den Emmanuel Macron hätt kee richtege Walkampf gemaach a wier vun de Wieler bestroft ginn, mengt de Fuerscher Nicolas Duca. Elo ass Frankräich méi schwéier ze regéieren, awer net on-regéierbar.

auto_stories

2 min

D'Wieler hätten de franséische President sanktionéiert bei de Wale gëschter, seet den Nicolas Duca, Doktorant op der Chaire parlementaire vun der Uni.lu. Weder bei de Presidentielle virun zwee Méint, nach elo fir d'Legislativen hätt den Emmanuel Macron richteg Walkampf gemaach.

Och d'Premierministesch Elisabeth Borne wier an de leschte Wochen net aktiv genuch gewiescht, esou den Nicolas Duca. Doduerch hätten d'Fransousen d'Gefill kritt, d'Bündnis ronderëm de President géif sech net fir hir Problemer interesséieren.

Den Emmanuel Macron wier elo geschwächt, an dat hätt Auswierkungen op d'Relatioune mat sengen europäesche Partner.

"Cela crée nécessairement un rapport de forces différentes avec nos partenaires européens, puisqu'il sera plus difficile pour le Président de la République d'assurer à ses partenaires que des textes ou des projets sur lesquels ils souhaitent s'appuyer seront véritablement adoptés. Donc bien sûr cela affaiblit un peu sa position [...]"

Verschidden Optioune méiglech

Duerch déi nei Situatioun a Frankräich huet de President elo keng absolut Majoritéit méi am franséische Parlament, dat nodeems dat lénkt Bündnis NUPES, grad wéi de rietsextreme Rassemblement national vill Sëtz konnte gewannen.

Anescht wéi an de leschte fënnef Joer wäerten d'Macronisten elo entweder ee feste Regierungs-Partner oder speziell Allianze fir eenzel Gesetzprojete musse fannen. Dat wier ongewinnt a Frankräich, géing awer eng gutt Entwécklung fir d'Demokratie am Land duerstellen: "En termes de démocratie parlementaire c'est tout à fait intéressant."

Hei mengt den Nicolas Duca, datt d'Bündnis ronderëm den Emmanuel Macron eventuell eng Allianz mat de Républicains kéint forméieren, der Partei vum fréiere President Sarkozy. Dës kéint dee Moment och Ministere stellen.

Een aneren Zenario wier, datt ee kee Partner fir eng Regierungsallianz fënnt. Well een dann all Kéier ee Partner misst fanne fir Gesetzestexter matzestëmmen, géifen dës an Zukunft riskéiere verwässert ze ginn, esou den Nicolas Duca.

Datt de Rassemblement national seng Sëtz verzéngfacht huet wier ni nach ni do gewiescht. De Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg mengt awer net, datt déi zukünfteg Regierung mat der Partei vum Marine Le Pen wäert zesummeschaffe fir Gesetztexter duerchzekréien. Dofir hätt den Emmanuel Macron sech ze staark fir ee Barrage géint de Rietsextremismus agesat.