Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ André Roeltgen kandidéiert net méi

Sozialwahlen 2019

André Roeltgen kandidéiert net méi

Den OGBL-President André Roeltgen ass um nächste Kongress am Dezember net méi Kandidat fir seng eege Successioun. Déi Decisioun huet hie selwer geholl an op enger Pressekonferenz ugekënnegt.

auto_stories

1 min

Domat zitt hien d'Konsequenz vu sengem perséinleche Resultat bei de Walen fir d'Salariatskammer wou hien am Grupp 5 just zweete Suppleant fir den OGBL gi war.

D'OGBL-Generalsekretärin Nora Back sot, si géif zur Verfügung stoe fir d'Presidence vun der Salariatskammer wou si Éischtgewielte ginn war am selwechte Grupp. D'Nora Back kandidéiert och am Dezember fir d'Presidence vum OGBL, ee Joer méi fréi wéi d'Gewerkschaft et eigentlech geplangt hat.