Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aner Besteierung fir Google a Co.

Steierpolitik

Aner Besteierung fir Google a Co.

Internet-Entreprisë wéi Google a Facebook sollen an der EU an Zukunft op Basis vum Ëmsaz an net vum Profit besteiert ginn. Dofir setzen sech eng Rëtsch EU-Länner an. De Lëtzebuerger Finanzminister mengt allerdéngs, datt dat zu technesche Problemer kéint féieren. De Grand-Duché ass awer op fir un engem neie Steiersystem ze schaffen, esou de Pierre Gramegna.

auto_stories

4 min

Däitschland, Frankräich, Italien a Spuenien schwätze sech fir eng aner Besteierung vun Internetkonzerner aus. Mam Argument, datt et net akzeptabel wier, datt an dëser Branche d'Entreprisë manner Steiere géife bezuelen. Dowéinst wier et eng Saach vu Gerechtegkeet, vun Efficacitéit a vu Gläichheet. Dat sot de franséische Finanzminister Bruno Lemaire de Weekend zu Tallinn. D'EU-Finanzministere waren hei zesummekomm.

Um Ëmsaz amplaz um Profit besteieren

D'Propose gesäit fir, datt grouss Internet-Entreprisen net méi um Profit, mä op hirem Ëmsaz, deen se an der EU maachen, besteiert solle ginn. Esou kéint verhënnert ginn, datt Profitter vun engem Land an een anert transferéiert ginn, fir iwwert des Ëmweeër esou mann wéi méiglech Steieren ze bezuelen.

Sechs weider EU-Länner hu sech de Weekend där Opfuerderung ugeschloss. Virun allem déi Länner, déi gären als Steier-Oasen bannent der EU bezeechent ginn, weise sech awer skeptesch. Dorënner Irland, Malta, Zypern a Lëtzebuerg. De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna schwätzt vun technesche Problemer, wann Entreprisen net op de Profit, mä op den Ëmsaz besteiert ginn.

"Do kéinten Entreprise besteiert ginn, déi guer kee Profit maachen", seet de Pierre Gramegna. Entreprise mat héijem Ëmsaz géife net onbedéngt och vill Profit maachen. Et misst een och oppassen, datt de neie System kompatibel ass mat den Accorden, déi schonn iwwert duebel Besteierung existéieren.

"EU soll net eleng nei Regelen aféieren"

De Pierre Gramegna nennt och een Argument, dat ëmmer nees genannt gëtt, wann et em d'Harmoniséierung vu Steier-Regele geet. De sougenannte "level playing field". Dat heescht, datt weltwäit gesinn, all Land déi nämmlecht Konditioune soll hunn.

D'EU kéint net nei Regelen aféieren, wann de Rescht vun der Welt dat net mécht, mengt de Lëtzebuerger Finanzminister. Ähnlech hunn zum Beispill den däneschen oder maltesesche Finanzminister argumentéiert. Den Edward Scicluna, Finanzminister aus Malta, seet och et misst ee kucken, wéi een Impakt eng Ännerung huet. Et misst ee global drun eru goen, well China an d'USA implizéiert sinn.

Do sinn déi Länner, déi séier wëlle Moossnahmen ëmsetzen, anerer Meenung. Si soen, et kéint een sech elo eens ginn an eng Iwwergangsléisung aféieren. Parallel dozou kéint een un enger weltwäiter Léisung schaffen.

Aktuelle Steiersystem iwwerlieft?

An der sou genannter "digitaler Ekonomie" ass et méi einfach, wéi an där traditioneller Wirtschaft, fir mam Profit ze spillen. Wëll dës Entreprisen dacks virtuell grenziwwergräifend operéieren, gëtt de Profit net onbedéngt do gemaach, wou d'Entreprise physesch present ass.

Op deem Modell bauen awer déi international Steierregelen op. Si sinn also gewëssermoossen iwwerlieft. Dat schreift déi estnesch Regierung, déi den Ament d'Présidence vun der EU huet, an engem Pabeier. Dee spezielle Business-Modell misst een an den neie Regelen berécksiichtegen. Estland proposéiert, fir an Zukunft Entreprisen net nëmmen do, wou se physesch present sinn ze besteieren. Mä och do wou se eng reng digital Präsenz hunn.

Et wier ze fréi, eppes dozou ze soen, mengt de Pierre Gramegna. Ze vill Saache wieren nach onkloer. Lëtzebuerg wier awer op, fir an engem Aarbechtsgruppe matzeschaffen, seet de Finanzminister. Eege Propose kéint hien an deem Zesummenhank elo keng maachen, esou de Pierre Gramegna. Hie verweist drop, datt et bis elo onméiglech war, sech op OECD-Niveau iwwert eng Léisung eens ze ginn.

De Prinzip vun der Unanimitéit ophiewen?

Eng Ännerung vum Steiersystem kann an der EU just dann agefouert ginn, wann all d'Memberlänner averstane sinn. An dësem Fall kéint déi europäesch Kommissioun awer de Prinzip vun der Unanimitéit ophiewen, seet de Gréngen Europadeputéierten Sven Giegold. Dat wier méiglech, well et sech hei ëm eng onfair Kompetitivitéit handelt.

De Sven Giegold setzt sech zanter Jore fir nei Steier-Regelen an. Vun enger Ëmsazbesteierung ass hien zwar net ganz iwwerzeegt. Et wier awer gutt, wann d'EU eng Propose géif maachen. Dat kéint nämlech dozou bäidroen, datt een endlech um internationale Niveau viru géif kommen. Dat wier néideg, wëll de System vun der Profit Besteierung net funktionéiert, esou de Sven Giegold.

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna weist sech éischter skeptsch, par rapport zur Iddi, d'Unanimitéit a Steierfroen opzehiewen, Dëse Prinzip hätt et an der rezenter Vergaangenheet net verhënnert, dat d'EU op denen Dossieren virukomm ass.

Éisterräich iwwerhëlt am Dezember no Estland d'Présidence vun der EU an huet Wëlles den Dossier virun ze bréngen. Méiglech Optioune solle schonn Enn September op engem informellen EU-Sommet diskutéiert ginn. D'Kommissioun huet ugekënnegt bis am Fréijoer e Pabeier mat konkrete Propose ze presentéieren.