Radioen

On air

De Weekend  |  Leen - Running

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Anescht matenee kommunizéieren"

Schoulmediatioun

"Anescht matenee kommunizéieren"

An de siwe Méint zanter et e gëtt, huet de "Service de Médiation scolaire" ronn 60 Dossieren traitéiert. Op gréisser strukturell Problemer am Schoulsystem kéint si doraus nach net zréck schléissen, seet d'Schoulmediatrice Lis de Pina.

auto_stories

2 min

Schüler an Eltere kënne sech en dernière instance un dee Service wennen. De Problem vun der Kommunikatioun tëscht Elteren an Enseignantë géif ëmmer nees opdauchen, seet d'Lis De Pina.

Generell géife souwuel d'Eltere wéi och d'Léierpersonal Inhalter awer unhuelen, wa se vun enger Persoun wéi engem Mediateur géife kommen. Heiansdo géif et de bedeelegt Acteure gutt doen, méi Recul huelen oder d'Situatioun anescht ze erklären. Heiansdo wier dat awer net méiglech an et kéim zu engem Blockage tëscht de Leit.

"Also mir probéiere mol da ganz kloer ze verstoe wou sinn den Elteren hir Suergen, oder hir Haaptsuerg. Wou ass den Dossier drun? Ass do wierklech e Problem, datt net genuch Ressourcen um Terrain sinn. Firwat hunn déi Elteren déi Angscht? Mir probéiere wierklech mat deem Bléck vu baussen e genaut Bild ze kréien, wat lass ass."

De Service de Médiation scolaire géif dann entweder d'Direction de région, de Centre de compétence, oder de responsabele vum Service kontaktéieren.

Inclusioun ass e wichtegt Thema

Déi meescht Dossiere wieren am Beräich vun der Inclusioun, seet d'Schoulmediatrice.

Dat wier zum Beispill de Fall, wann een Enseignant e Schüler méi 15 Minutte méi laang un enger Prüfung wéilt schreiwe loossen. Dacks wier dat guer net méiglech, well den Enseignant direkt an déi nächst Klass misst "lafen", sou d'Lis De Pina.

"Mir haten och deen een oder aneren Dossier dobanne wou den Enseignant seet: Ma nee, dat ass net fair vis-à-vis vu deenen anere Schüler wann deen een eng véierel Stonn méi laang dierf schreiwen, dann däerfen déi aner dat och schreiwen. An da soe mir: Ma nee, da si mir net méi am Nachteilsausgläich. Mee wann een hinnen dat awer dann erkläert, si verstinn dat dann awer och."

Als Schoulmediatrice kéint si ganz onofhängeg vum Educatiounsministère schaffen, un deen hire Service gegliddert ass, seet d'Lis De Pina. Bis ewell hätt de "Service de Médiation scolaire" 5-6 Recommandatiounen un de Ministère gemaach, a fënnef wieren der ënnerwee. Wourëm et dobäi goung, wollt d'Lis De Pina net soen.