Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - Boneless

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Angscht virun enger Rezessioun an den USA

Amerikanesch Ekonomie

Angscht virun enger Rezessioun an den USA

An den USA geet d'Angscht ëm, datt et geschwënn zu enger Rezessioun kéint kommen. En neie Sondage vun amerikaneschen Ekonomiste weist, datt 74 Prozent vun hinne sech eng Rezessioun virum Enn vum Joer 2021 erwaarden. Wall Street weist sech a leschter Zäit nervös, an d'Confiance vun den Amerikaner an hir eegen Ekonomie geet erof. Am Wäissen Haus ginn esou Ängschten awer séier rejetéiert.

auto_stories

3 min

Et ass bekanntlech d'Ekonomie, déi d'Neiwahl fir e President kann entscheeden. An der Wahlcampagne vum Bill Clinton 1992 war et ee vun de groussen interne Sloganen. "It's the economy, stupid" war d'Taktik fir géint den George H. W. Bush ze gewannen an hien no just engem Mandat ass dem Wäissen Haus se geheien. Eng Rezessioun war am Gaang, an d'Wahlequipe vum Demokrat Bill Clinton huet dovu profitéiert fir géint de Republikaner se gewannen.

Déi Erënnerunge kommen elo nees op am Wäissen Haus. D'Trump-Regierung wëllT, oder wollt, datt déi staark amerikanesch Wirtschaft am Virdergrond vun der Wahlcampagne 2020 steet. Elo vläicht manner, well d'Angscht virun enger neier Rezessioun an den USA geet ëm. Och wann de Chômage ënner dem Donald Trump weider erofgaangen ass, geet de Leit hir Confiance an eng stabil amerikanesch Ekonomie an déi selwecht Richtung.

Wäisst Haus: Fundament vun der Ekonomie ass staark

D'Wäisst Haus rejetéiert all Mentioun vun engem wirtschaftlechen Trend no ënnen. Dat neist Beispill ass dem Donald Trump seng Beroderin Kellyanne Conway, déi zwar begréisst, datt d'Medie sech fir d'Ekonomie ënner dem Donald Trump interesséiere géifen, mee "Dir maacht et just, wann Dir d'Rezessioun, d'Wuert vum Dag vun der Sesamstrasse, benotze kënnt."

D'Medie géife sech op "iergendeen Tweet" oder op de Wierder vun engem Ekonomist baséieren, "mee d'Tatsaach ass, datt d'Fundamenter vun eiser Ekonomie staark sinn, an dir wësst et." Et géife méi Leit schaffen, wéi zu all aner Moment an der Geschicht vun den USA.

Donald Trump: "Ech gesi keng Rezessioun"

De President huet vill Grënn sech iwwer de niddrege Chômage an alle Schichte vun der amerikanescher Gesellschaft ze freeën. Manner Afro-Amerikaner a manner Latinoe sichen no Aarbecht. Dovu schwätzt de President bei bal all Evenement. Elo probéiert hien d'Thema ze wiesselen, vun der amerikanescher op déi chinesesch Ekonomie:

"Ech gesi keng Rezessioun. D'Welt ass an enger Rezessioun. Dat ass vläicht e bëssen ze haart ausgedréckt, mee kuckt iech China un. Hinne geet et ganz schlecht. Ech hu grad gesinn, datt si hiert schlechtst Joer a 27 Joer haten, wéinst menger Politik. A si wëllen elo negociéieren. Hir Firmae verloossen d'Land. A si entloosse Millioune Leit, well si keng 25 Prozent u Stroftaxe bezuele wëllen."

Eng Rezessioun prognostizéieren ass schwiereg

Rezent Beispiller vu Rezessioun gëtt et der natierlech genuch. Do gouf et déi grouss Kris, déi während dem Enn vum George W. Bush senger Presidence ugefaangen hat a vum Barack Obama iwwerholl gouf.

Wéi déi éischt Indikatioune vun der Kris koumen, do huet de Larry Kudlow gesot, et géif net zu enger Rezessioun kommen. Firwat ass dat wichteg? Ma well hien elo den ekonomesche Beroder vum Donald Trump ass an nees, 12 Joer méi spéit, seet, et kéint net esou schlëmm kommen. Op NBC huet hie säi Feeler vun deemools bereit.

D'Wäisst Haus seet, datt d'Press responsabel ass fir d'Angscht virun enger neier Rezessioun. Déi vill demokratesch Presidentschaftskandidate kéinte vun enger schwaacher amerikanescher Wirtschaft profitéieren, mee dat kënne si natierlech ëffentlech net soen. De Slogan bleift dee Nämmlechten: et ass d'Ekonomie, déi alles entscheet.