Radioen

On air

Kultur um 5  |  Wild Nothing - Suburban Solutions

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ANIL: Fleegeaspekter hätte misse méi am Detail analyséiert ginn

Waringo-Rapport

ANIL: Fleegeaspekter hätte misse méi am Detail analyséiert ginn

D'ANIL, d'Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren, fillt sech duerch de Waringo-Rapport iwwer d'Corona-Cluster an den Alters- a Fleegeheemer dora bestätegt, datt et u Recommandatioune gefeelt huet an d'Responsabilitéite fir d'Mesuren an de Strukturen net kloer gewiescht wieren. Mee de Rapport géif vill Froen onbeäntwert loossen. Zum Beispill, wat déi Haiser gemaach hunn, déi guer keng Cluster haten.

auto_stories

2 min

D'Anne-Marie Hanff ass Presidentin vun der ANIL. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Et hätt een d'Fleegeaspekter misse méi am Detail analyséieren. Et wier am Waringo-Rapport méi "ëm d'Responsabilitéit a manner ëm d'Ëmsetzung a wat alles geleescht" gouf gaang, esou d'Presidentin vun der ANIL, d'Anne-Marie Hanff.

Aarbechtsprozesser goufen am Rapport net gekuckt

Si hätt sech gewënscht, datt een och d'Aarbechtsprozesser gekuckt hätt, notamment am Zesummenhang vun der Kohortéierung vun de Bewunner, eng Mesure déi hinne sozial Kontakter innerhalb vun hirer Grupp erlabe sollt. Et hätt d'ANIL interesséiert ze wëssen, ob de Virus méi an der Funktionsfleeg (wou all Mataarbechter all d'Zëmmere besicht an eng spezifesch Funktioun wéi Verbänn maachen huet) oder der méi klientenzentréierter Fleeg (wou d'Personal ëmmer déi selwecht Bewunner betreit) zirkuléiert wier.

D'Anne-Marie Hanff freet sech och, wéi eng Roll d'Infirmier-Hygièneste gespillt hunn. Där gëtt et an all Spidol, mee där d'Langzäitfleeg just ee fir de ganze Secteur zougesprach krut.

12 Haiser hate guer kee Cluster vu méi ewéi enger Persoun, geet aus dem Rapport ervir. An 15 Strukturen haten der tëscht 3 a fënnef. Et ginn deemno grouss Ënnerscheeder. Mee wat déi eng an déi aner gemaach hunn, gëtt am Rapport net diskutéiert.

Eethesch Froe vum Personal

Déi Fro géif sech awer och stellen, wann iwwer d'Impfvolontéit vum Personal geschwat géif: "Da ginn Zuele vu 40 Prozent genannt an eis hätt interesséiert: Wat ass elo do an deenen Haiser geschitt? Haten déi vläicht manner Accès zur Impfung oder war do en anere Management, gouf déi Impfcampagne do anescht ëmgesat?"

Eng aner Fro, déi d'Personal beschäftegt: wat maache wann Bewunner d'Isolatioun oder d'Quarantän net wëllen anhalen, entweder well se net kennen oder well se net wëllen. An ob et Haiser gëtt, wou an dem Fall eng eethesch Fall-Bespriechung gemaach gouf, fir no individuelle Léisungen ze sichen.

D'ANIL regrettéiert, datt aner Aspekter, déi méiglecherweis zur Entwécklung vu Cluster bäigedroen hunn, am Detail och net ënnersicht ginn. Zum Beispill, ob mobil Bewunner, déi sech nach vill beweege méi en héije Risiko sinn, wéi déi, déi am Bett leien. Dofir wier d'Zäit wuel net duer gaangen. Mee dat wieren Informatiounen, déi ee bräicht, fir d'Saach an Zukunft besser ze maachen.