EUROPA-INTERVIEW Anna Cavazzini: "Sperren von Twitter-Konten gehört in demokratische Hände"
D'Decisioun Konten op Twitter oder Facebook ze spären, sollt net vu Cheffe vun Entreprise geholl ginn, seet d'Europadeputéiert Anna Cavazzini. Fir si ginn déi geplangten EU-Reegelen an deem Beräich nach net wäit genuch.
Nodeems Twitter, Facebook, Instagram an e Mëttwoch och YouTube d'Konte vum amerikanesche President Donald Trump gespaart hunn, gëtt nees vill iwwer d'Roll vun de soziale Medien diskutéiert.
"Twitter huet ze spéit reagéiert"
D'Decisioun, ob ee Kont gespaart gëtt oder net, gehéiert eigentlech an demokratesch Hänn, seet d'Anna Cavazzini.
D'Presidentin vun der Kommissioun fir de Bannemarché an de Konsumenteschutz am Europaparlament kritiséiert och, datt Twitter dee Schratt gemaach huet, nodeems kloer war, datt hien net méi laang President vun de Vereenegte Staaten ass, deemno also vun him aus keng Gefor méi fir d'Social Media-Entreprisë konnt ausgoen.
Een onofhängege Conseil asetzen
Déi däitsch Gréng setzt sech dofir an, datt een eng Zort "Social Media Council" op d'Been setzt, wou demokratesch gewielte Vertrieder an Experten dra setzen, déi no klore Reegelen Decisiounen huelen.
D'EU huet Mëtt Dezember ee Pak vu Gesetzer fir den digitale Maart an d'Servicer op den Dësch geluecht, an deem och méi streng Reegele fir Internetplattforme virgesi sinn.
D'Fro vum Späre vu Konte gëtt do awer ausgeklamert.
"Die Sperrung von Konten wird in dem Vorschlag der Kommission nicht angegangen. Ich hoffe, dass sich eine Mehrheit im Europaparlament dafür einsetzen wird, den Vorschlag dahingehend zu ändern, dass diee Sperrungspolitik vernünftig geregelt wird."
Déi nei Reegele géifen awer dofir suergen, datt d'Plattformen éischter reagéiere mussen, fir problematesch Contenuen ze läschen.
Méi streng Reegele fir geziilt Publicitéit
Et wier gutt, datt d'Propos vun der Kommissioun sech explizitt op "illegale" Contenu bezitt. Eng kloer Definitioun kéint hei dofir suergen, datt et net zu Zensur am Netz kënnt. D'Propos hätt awer och ee schwaache Punkt, wat d'Reegele fir geziilt Publicitéit ugeet.
"Wir dürfen nicht unterschätzen, dass gerade die Verbreitung von Hassnachrichten dadurch angefuert wird, dass man dafür bezahlen kann und Werbung gezielt genutzt wird. Darüber gibt es keine Transparenz."
D'Verhandlungen tëscht dem Parlament, der Kommissioun an de Memberlänner iwwer déi nei Reegele fänken elo eréischt un. Et ass dauert op d'mannst bis Enn des Joers, bis hei mat engem Resultat ze rechnen ass, sou d'Anna Cavazzini.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.