An hirer Ried huet d'Anne Brasseur ënnert anerem de Wieler, der Regierung, der liberaler Partei an hire Frënn Merci gesot. Si hätt an hirer politescher Carrière ëmmer den Intérêt général am A gehalen, an dat op lokalem, nationalem oder europäeschem Plang. Et wier net ëmmer einfach gewiescht, mä si wier 42 Joer laang mat Häerz a Séil politesch aktiv gewiescht.
Nofolger gëtt de Frank Colabianchi
Nofolger vun der Anne Brasseur wäert den Nächstgewielte vun der DP bei de leschte Chamberswahlen, de Frank Colabianchi, ginn. Hie géif säi Mandat dann och untrieden, sou den aktuelle Buergermeeschter vu Bartreng, an dat mat vill Freed an Houfert. D'Anne Brasseur wier eng ganz grouss Perséinlechkeet an der DP, a wa sou eng Persoun engem d'Vertraue géif schenken, wier et schwéier, fir "Neen" ze soen.
De Frank Colabianchi wéilt säi Mandat als Buergermeeschter vu Bartreng weiderféieren - hie géif awer déi nächst Chamberswahlen am Oktober ofwaarden, fir z'entscheeden, ob hien et méiglecherweis géif néierleeën oder net. Hie wäert viraussiichtlech an der éischter ëffentlecher Chambersëtzung am Februar vereedegt ginn.