Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anne Vergison nei Cheffin vun der Inspection sanitaire

Gesondheetsdirektioun

Anne Vergison nei Cheffin vun der Inspection sanitaire

Während der Corona-Pandemie ass dëst den zweete Wiessel un der Spëtzt vun dëser wichteger Divisioun, déi ënnert anerem fir den Tracing vu Kontakter vun infizéierte Persounen zoustänneg ass.

auto_stories

2 min

Enn Abrëll war de laangjärege Chef vun der Inspection sanitaire Pierre Weicherding an den Ausseministère gewiesselt. Den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit hat deemools "Meenungsverschiddenheete wéinst der Gestioun vun der Corona-Kris" als Uersaach genannt.

No Weicherding koum Huiart

Formell gouf d'Inspection sanitaire doropshi vum Direkter vun der Santé geleet. Ënnerstëtzt gouf hien dobäi vun der Epidemiologin Laëtitia Huiart vum Luxembourg Institute of Health. Déi extern Expertin hat domadder de facto d'Funktioun vun enger Divisiouns-Cheffin.

Dëst wier a priori eng provisoresch Léisung fir d'Dauer vun der Kris, huet et deemools aus der Gesondheetsdirektioun geheescht. Effektiv huet d'Laëtitia Huiart d'Inspection sanitaire mëttlerweil nees verlooss a geet och net zréck bei den LIH: Si schafft elo fir déi franséisch "Santé publique".

Intern Kandidatur gouf zréck behalen

Am Summer war de Poste fir d'Leedung vun der Inspection sanitaire ausgeschriwwe ginn. Zréck behale gouf eng intern Kandidatur: D'Anne Vergison war virdru Cheffin vun der "Division de médecine curative".

Zu hirem Profil präziséiert d'Gesondheetsdirektioun, datt d'Anne Vergison vu Formatioun Spezialistin an der Pediatrie mat enger weiderer Spezialisatioun an den Infektiounskrankheeten ass.

Hiren neie Posten huet si den 1. Oktober iwwerholl.

Nei: Coordinateur opérationnel

Zousätzlech gouf de Jean-Jacques Repplinger als Coordinateur opérationnel vun der Inspection sanitaire genannt. De fréiere "Soignant cadre" aus dem Stater Centre Hospitalier soll de prakteschen Aspekt fir d'Organisatioun vun den Equipen iwwerhuelen, déi déi verschidden Missiounen vun der Inspection sanitaire realiséieren.

D'Inspection Sanitaire spillt am Kader vun der Pandemie eng wichteg Roll, notamment beim Tracing vun de Kontakter vun infizéierte Persounen, beim Suivi vun de Patienten a bei der Kontroll vun den Alters- a Fleegeheemer.