Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng transparent an international Finanzplaz"

Finanzplaz

"Eng transparent an international Finanzplaz"

D'ONG Oxfam nennt Lëtzebuerg an enger Etude e Steierparadäis fir europäesch Groussbanken. D'Generalsekretärin vun der Banken- a Banquiersassociatioun ABBL kritiséiert d'Methodologie vun där Etude. D'Annemarie Jung seet och, datt d'Finanzplaz an hiert Kontrollorgan CSSF sech verännert hunn.

auto_stories

3 min

De Generaldirekter vun der CSSF Claude Marx huet fir säi fréieren Employeur, d'BANK HSBC, Offshore-Geschäfter ofgewéckelt. Si kéint dem Claude Marx seng Aktivitéiten als Banquier net jugéieren, seet d'ABBL-Generalsekretärin.

Am Prinzip wär et awer ganz positiv, wa Leit aus dem Privatsecteur an den ëffentleche Secteur eriwwer wiesselen, well se aner Perspektive mat géingen erabréngen. Domadder géingen och déi aner Employéë vun der CSSF, en aneren Input kréien. Dat hätt och e positiven Effekt op nei Reglementatiounen am Finanzsecteur, a wéi déi ëmgesat géinge ginn, seet d'Annemarie Jung.

Oxfam-Etude: Methodologie a Fro gestallt

Der britescher Hëllefs- an d’Entwécklungsorganisatioun no, wär Lëtzebuerg e Steierparadäis fir grouss europäesch Banken. Déi britesch Bank Barclays hätt zum Beispill 2015 ee globale Profit vu fënnef Milliarden Euro gehat. Bal ee Fënneftel dovu wieren zu Lëtzebuerg, an der Schwäiz an an Irland entstanen, wou allerdéngs nëmmen ee Brochdeel, nämlech en hallwe Prozent, vun all den Employéë schaffen. Zu Lëtzebuerg wier d'Produktivitéit vun der Bank am héchste gewiescht: ronn 13 Milliounen Euro pro Barclays-Employé.

Fir d'Produktivitéit vun enger Bank iwwert de Benefice an d'Unzuel vu Beschäftegten an engem Land ze berechnen, wär Äppel mat Bire verglach, kritiséiert d'Generalsekretärin vun der ABBL. D'Annemarie Jung stellt d'Methodologie vun der Etude vun der britescher ONG a Fro.

An anere Länner géing et vill Retailbanke gi mat ville Beschäftegten. Bankaktivitéiten zu Lëtzebuerg géingen op méi groussen Investissementer berouen. D'Lëtzebuerger Finanzplaz wär ganz international ausgeriicht a wär ganz transparent. Dernieft hätt an de leschten zwee Joer vill op der Lëtzebuerger Finanzplaz geännert. D'Banken zu Lëtzebuerg géingen sech un all EU-Gesetzer halen.

D'Annemarie Jung bestätegt, datt d'ABBL an de Finanzministère sech dacks ofschwätzen, wann d'Finanzplaz an der Kritik steet. An dësem Fall wär net genuch Zäit gewiescht.

Digitaliséierung: Ofbau an nei Opportunitéiten

Verschidde Beruffsprofiller wäerte sech duerch d’Digitaliséierung verlageren, et wäerten awer och nei Méiglechkeeten doduerch entstoen. Esou hätt de Fintech-Cluster e Plang ausgeschafft, fir mat den ABBL-Memberen ze kucken, wéi nei digital Methode kënne bei de Banken agesat ginn.

Am operationelle Beräich wäert et manner Quantitéit vun Aarbecht ginn, an et wäerten nei Nischen opgoen, seet d'Annemarie Jung. Et wär nach ëmmer esou gewiescht, wann nei Methoden an Technologië fir ze schaffe komm sinn, da géing et Wiessel ginn.

Aarbechtsplazen déi aktuell op der Finanzplaz verluer ginn, féiert d'ABBL-Generalsekretärin manner op Digitaliséierung zréck, mä éischter op Optimiséierung vu grousse Gruppen, déi am Ausland verschidden Operatioune méi effizient kéinte féieren. Dat wär finanziell novollzéibar, seet d'Annemarie Jung.