Radioen

On air

De Moien  |  Foxygen - Follow The Leader

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ännerung vum Naturschutzgesetz um Instanzewee

No Geriichtsurteeler

Ännerung vum Naturschutzgesetz um Instanzewee

Eng Ännerung vum Naturschutzgesetz ass den Ament um Instanzewee: Hei waren Upassungen néideg gewiescht, nodeems eng Rei Geriichtsurteeler an de leschte Méint ronderëm Autorisatioune vu Constructiounen a Gréngzonen d'Geneemegungspraxis a Fro gestallt hunn

auto_stories

3 min

D'Verwaltung krut reprochéiert , déi aktuell Texter ze vill - Zitat - "à la lettre ze applizéieren", erkläert d'Ëmweltministerin Joëlle Welfring am 100,7-Interview.

Stéchdatum: 1. Juli 1995

Eng grouss Neierung, déi d'Gesetzesännerung mat sech bréngt: All Konstruktioun, déi an enger Gréngzon steet, gëtt als "legalement existante" ugesinn, wa se virum 1. Juli 1995 gebaut gouf.

Dëse "légalement existent" ass d'Konditioun fir iwwerhaapt eng Autorisatioun ze kréie fir eng Ännerung um Gebai kënnen ze maachen.

Den Datum vum 1. Juli 1995 gouf zeréckbehalen, well et schwéier ass de geneeën Datum nozeweisen. Déi elektronesch Archive géifen dat "net hierginn", fir dat an all Fall prezis nozeweisen. Dofir huet ee sech op den 1. Juli 1995 gëeenegt, well d'Archive vum Ëmweltministère vun deem Datum u noweise kënnen, seet d'Ëmweltministesch.

Wann esou e Gebai beispillsweis duerch ee Feier zerstéiert géif ginn, wäert et an Zukunft och erëm kënnen opgebaut ginn. Heifir huet de Proprietär dann och méi Zäit ewéi bis elo, wou dat an engem Zäitraum vun zwee Joer huet misse geschéien.

Och wäerte Gebaier a Gréngzonen däerfen an der Héicht adaptéiert ginn - an der Limitt vun de Virschrëften, déi gëllen.

Weider Ännerungen

Weider wéilt een an Zukunft den thermeschen Assainissement d'office zouloossen, wann den Text adoptéiert gëtt, seet d'Joëlle Welfring. Den Text gesäit och "kleng Upassungsaarbechten" vir, déi gemaach kënne gi fir d'Haiser vum Verfall ze schützen.

Fir Aarbechten, déi bannent dem Gebai gemaach ginn, brauch ee keng Geneemegung méi, wann dat neit Gesetz bis en Vigueur ass - ënner der Konditioun, datt se weder d'Ausgesi vum Gebai nach seng Gréisst veränneren.

D'Gesetzesännerung gesäit zudeem vir, datt an Zukunft eng Réi Saachen ouni Autorisatioun kënne gemaach ginn.

Dat well hiren Impakt op d'Ëmwelt previsibel a kleng wier. Hei drënner fält ënner anerem d'Installatioun vun enger Photovoltaikanlag, temporär Hochsitze fir d'Juegd oder Beiestäck a Vullenhaisercher.

Dobäi kommen nach kleng Clôturen, wa se de Reegelen no gebaut goufen "fir eng gewëss Duerchlässegkeet vum Wëld an de Gréngzonen ze erlaben", seet d'Joëlle Welfring, grad ewéi temporär Schiedhaisescher op de Weiden, datt d'Baueren hir Béischten am Summer besser schütze kënnen. Dofir musse si keng schwéierfälleg administrativ Demarchë maachen.

Och Tunnelszäeren, déi temporär erriicht ginn, wëllt den Ëmweltministère zouloossen. Et erhofft ee sech doduerch, datt de Geméisbau mat vereinfachte Konditiounen och an der Gréngzon méiglech ass.

Duerch dat neit Gesetz erhofft een sech och eng Reduktioun vun den administrative Chargen, esou d'Ëmweltministerin Joëlle Welfring.

De neie legislativen Text ass den Ament um Instanzewee, déi nächst Etapp ass den Avis vum Staatsrot. Nodeems dëse gréng Luucht ginn huet, kann d'Gesetz dann den Deputéierten an der Chamber zum Vott virgeluecht ginn.