Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Fourth Wall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anti-Covid-Mesuren: D'Regierung decidéiert Lockerungen

Coronavirus

Anti-Covid-Mesuren: D'Regierung decidéiert Lockerungen

D'Covid-19-Taskforce seet e positiven Trend viraus, d'Neiinfektiounen an d'Hospitalisatioune wieren am Moment ënner Kontroll an duerch deen héijen Impftaux hätt Lëtzebuerg eng Situatioun erreescht, déi et engem géif erlabe fir Mesuren zeréckzehuelen, sou de Premier Xavier Bettel.

auto_stories

1 min

D'Regierung huet nei Lockerungen decidéiert, déi dat "normaalt Liewen" sollen zeréckbréngen, sou de Xavier Bettel. Déi meescht Mesurë sollen deemno ewechfalen. De Gesetzestext soll d'nächst Woch an der Chamber deposéiert ginn.

Den 3G-System soll just nach a Spideeler, Alters- a Fleegeheemer gëllen, genee wéi d'Maskeflicht, déi och am ëffentlechen Transport bäibehale gëtt.

Den Isolement soll no engem positiven Test bestoe bleiwen. Evenementer kënnen onbegrenzt an ouni Limitatioun stattfannen.

Et misst ee léieren, mat Covid ëmzegoen wéi mat enger normaler Krankheet sot d'Gesondheetsministesch.

Vum Premier war et den Opruff weider virsiichteg ze sinn an sech reegelméisseg ze testen. De Xavier Bettel huet och betount, datt eng Impfflicht awer nach kéint kommen. Déi Texter wieren op der leschter Ligne droite a kéinten an den nächste Woche gestëmmt ginn.