Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Antikierpertester: Positivitéitstaux läit bei 7 Prozent

Coronavirus

Antikierpertester: Positivitéitstaux läit bei 7 Prozent

Op d'mannst siwe Prozent vun der Populatioun war schonn eemol mam Coronavirus infizéiert. Zanter Enn Oktober proposéiert d'Santé e Blutttest fir ze kucken, ob eng Persoun Antikierper huet. 400 Leit hätte bis ewell matgemaach, esou den Dokter Thomas Dentzer, Virolog a Responsabele fir Covid-19-Tester bei der Santé. Den Test wier wichteg, fir ze gesi wéi d'Verdeelung am Land ass. Wann eng Persoun Antikierper huet géif dat awer net heeschen, datt si immun wier, erkläert den Thomas Dentzer.

auto_stories

2 min

Zu Lëtzebuerg ginn et siwen Teststatiounen, wou ee sech op Antikierper teste loosse kann. Bannent bësse méi wéi engem Mount hätte sech 400 Leit hei op Antikierper teste gelooss, erkläert den Thomas Dentzer. D'Testzentren hätten eng Kapazitéit vu bis zu 1.000 Blutttester pro Woch. Bis ewell hätt den Expert ee Positivtéitstaux vu siwe Prozent festgestallt.

Déi siwe Prozent wieren "eigentlech esou, wéi mir dat geduecht haten", seet de Virolog. An enger Etüd zesumme mam Luxembourg Institute for Health hätt de Positivitéitstaux Enn Juni nach bei dräi Prozent geleeën. Déi Date wiere wichteg ze sammelen, fir kënnen ze kucken, wéi eng Mesuren ee kéint ugoen.

Wat bedeit et, Antikierper ze hunn?

D'Wëssenschaft wéisst nach net genee, wat dat bedeit, wann eng Persoun Antikierper huet, erkläert den Dokter Thomas Dentzer. Et wier just sécher, datt eng Persoun mat Antikierper sech op d'mannst eemol mam Virus ugestach huet. Verschidde Leit géifen Antikierper produzéieren, anerer net. Och bei Leit, déi wochelaang krank waren, kéint et sinn, datt se no e puer Méint keng Antikierper méi hunn.

Eng weider oppe Fro wier, wéi vill Antikierper een da brauch, fir geschützt ze sinn. D'Reaktioun vum Kierper wier eng Kombinatioun vu verschiddenen Immunäntwerten an net nëmmen d'Presenz vun den Antikierper.

Deemno kéint eng Persoun mat Antikierper och nach eemol ugestach ginn. De Blutttest géif och net weisen, ob eng Persoun den Ament selwer mam Coronavirus infizéiert wier, mee just, datt een a Kontakt mam Virus war. Deemno wier et och net wichteg, datt een d'Testresultat den Dag selwer kritt, et géif och kee Suivi gemaach ginn, well d'Resultat net géif bedeiten, datt een ustiechend wier.

Blutttester: Begleedung zum Impfstoff

Den Test wier net nëmme wichteg fir ze gesinn, wéi d'Verdeelung vun den Antikierper am Land ass. Mat de Blutttester kéint ee kucken, ob d'Impfung iwwerhaapt gewierkt huet, esou den Thomas Dentzer. E puer Deeg nom Boost vun der Impfung kéint een da kontrolléieren, ob eng Immunäntwert opgebaut gouf.

De Blutttest soll bis zum Schluss vun der zweeter Phase vum Large Scale Testing mat lafen an d'Vaccinatioune begleeden.