Radioen

On air

Notturno  |  Leo Robinson - The Serpent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëlle kee gliesene Schüler"

Educatioun

"Mir wëlle kee gliesene Schüler"

De LUCET ass déi Fuerschungsunitéit op der Uni déi sech ëm de Monitoring vum Lëtzebuerger Schoulsystem këmmert. Déi sougenannt Epreuves standardisées sinn net onëmstridden, den Antoine Fischbach berouegt.

auto_stories

4 min

De LUCET ass 2014 gegrënnt ginn an ass zanterhier bei Schüler, Elteren a Léierpersonal bekannt als déi Fuerschungsunitéit vun der Uni, déi déi sougenannt Epreuves standardisées duerchféiert. Op Basis vum Zuelematerial wat op deem Wee iwwer Jore gesammelt gëtt, gëtt dru geschafft, d'Schoulqualitéit ze verbesseren.

"An enger moderner Wëssensgesellschaft ass et komplett normal, Entscheedungen datebaséiert ze treffen, mee d'Educatioun entzitt sech deem e bëssen, well se als net quantifizéierbar duergestallt gëtt", erkläert den Antoine Fischbach. Dobäi kéint ee Bildungserfolleg kloer empiresch noweisen.

"Moossgeschneidert Feedbacken"

All Joer am November ginn an deem Sënn also an enger Rei Klassen Donnéeën iwwer "d'Schlësselkompetenze" vun de Schüler erhuewen. "Mir kucken ëmmer am Ufank vun engem Zyklus op d'Acquise vun deem Zyklus virdrun och erreecht gi sinn", sou den Antoine Fischbach. D'Zuelematerial wat dobäi eraus kënnt, gëtt dem Educatiounsministère zur Verfügung gestallt.

Gläichzäiteg kritt all Schoul am Enn Januar drop "mossgeschneidert Feedbacken" vum LUCET. "Déi kënnen da fir Schoulentwécklung an individuell Fërderung genotzt ginn", präziséiert den Antoine Fischbach. All eenzel Schoul kéint sou novollzéien, wéi si an den opgefrote Beräicher ofgeschnidden huet. Och Theme wéi Schoulangscht oder Léiermotivatioun ginn ugeschnidden.

"Rankinge bréngen näisch"

Den Antoine Fischbach beschreift dat Material, wat um Enn bei den Epreuven erauskënnt, als "alternativ Vue op d'Kompetenze vun de Schüler", déi komplementar zu deem wier, wat den Enseignant a senger Roll feststellt. Hie verséchert, datt de LUCET den Dateschutz grouss schreift. "Wat mir ganz sécher net wëllen, dat ass de gliesene Schüler".

Och Rankinge géifen "näischt bréngen". "Ech sinn do strikt dogéint", sou den Antoine Fischbach. Och aus deem Material wat un de Ministère, mee och zum Beispill d'Inspektorat geet, géif net ervir goen, aus wéi enger Schoul a wéi enger Klass et hierkënnt.

"Kee Kontroll-Outil"

Ënnert den Enseignanten sinn d'Epreuves standardisées zum Deel ëmstridden. Si géifen de Schoulalldag duerchernee bréngen an d'Schüler ënner Drock setzen. Den Antoine Fischbach insistéiert awer drop, datt dës Tester "kee Kontroll-Outil" wieren. "Et ass konstruktiv geduecht. Et ass dofir geduecht fir dat, wat an de Schoule gutt gemaach gëtt, nach besser ze maachen".

Den Interimsdirekter vum LUCET fënnt awer och, datt et zu Lëtzebuerg eng negativ Astellung zur Evaluatioun gëtt. "Mir sinn ëmmer ganz defensiv agestallt, eise ganze Schoulsystem baséiert dorop, net ze kucke wat d'Kanner gutt maachen, mee hier Feeler ze ënnersträichen". De Monitoring vum LUCET géif versichen, "dat ze verhënneren". Bei dësen Epreuvë géif et fir de Schüler zum Beispill net drëm goen, ze reusséieren, well d'Resultater keen Afloss op säi schoulesche Parcours hätten. Deemno géifen d'Enseignanten och net dozou encouragéiert ginn, mat de Schüler op den Test hinzeschaffen.

"Ee Léierprozess"

Den Antoine Fischbach versteet awer, datt de Monitoring an de Schoulen "duerchaus och Ängschte schaaft". De LUCET géif dowéinst probéiere vill ze kommunizéieren, zum Beispill iwwer Informatiounsreunioune fir all d'Enseignanten déi concernéiert sinn. "Déi empiresch Bildungsfuerschung ass ee Léierprozess – fir eis, fir den Terrain a fir d'Politik", seet den Antoine Fischbach, deen och drop hiweist, datt dës Fuerschungsfeld zu Lëtzebuerg eréischt viru gutt zéng Joer entstanen ass.

Trotzdem géif d'Zesummenaarbecht mat der Politik gutt fonctionnéieren – och wëll des Zort vun Evaluatioun politesch gewënscht wier. "Et gehéiert Courage dozou, een Deel Kontroll un een universitäert Organ ofzeginn, wat dann Donnéeën erhieft, déi um Enn och publik gemaach ginn", fënnt den Antoine Fischbach. Ënnert der viregter, grad wéi der aktueller Regierung wier de Wonsch no Transparenz an deem Beräich ze spiere gewiescht.

15 Joer PISA: "Et hätt kënne méi geschéien"

Méi schwiereg fënnt den Antoine Fischbach et awer, Konklusiounen aus de gesammelten Zuelen ze zéien. "Mir gi scho ganz kloer Konklusiounen of, mee et ass ëmmer eng Gratwanderung. D'Fro stellt sech, wéi wäit een sech als Wëssenschaftler kann aus der Fënster leeën. Et huet ee seng Wëssenschaftlechkeet séier verluer, wann een ze politesch gëtt".

De LUCET këmmert sech zu Lëtzebuerg och ëm de wëssenschaftleche Suivi vun der PISA-Etude. Am Bilan iwwer 15 Joer PISA zu Lëtzebuerg steet dobäi ënnert anerem, datt de Lëtzebuerger Schoulsystem ongerecht ass, an datt schwaach Schüler net do ofgeholl gi wou se stinn. Dat géif net heeschen, datt a 15 Joer näischt an der Lëtzebuerger Schoulpolitik geschitt wier. Allerdéngs wier vill Zäit verluer gaangen an där net konkret iwwer d'PISA-Resultater diskutéiert gi wier. Och Däitschland hätt am Joer 2000 och "säi PISA-Schock" erlieft. "2003/2004 ass dunn hire Pendant zum Lucet gegrënnt ginn. Mir hu bis 2014 gebraucht, dat seet quasi alles", sou de Fuerscher.