Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Apdikten: "Et ass genuch Paracetamol do"

Corona-Pandemie

Apdikten: "Et ass genuch Paracetamol do"

Och d'Apdikte rechnen mat finanziellen Abousse wéinst den aktuelle Confinements-Mesuren, seet den Alain de Bourcy. No engem groussen Undrang virun zwou Woche wier d'Zuel vun de Clienten an de leschten Deeg staark zeréckgaangen, esou de President vum Apdiktersyndikat.

auto_stories

2 min

Viru villen Apdikte stinn d'Leit am Moment Schlaang. Dat läit net drun, datt d'Apdikte vill méi Clienten hu wéi soss, mee et läit drun, datt vill Apdikte keng Clientë méi an d'Geschäft eraloossen. Et wëllt ee verhënneren, datt hir Mataarbechter sech mam Coronavirus infizéieren. Den Ëmsaz wier an de leschten Deeg awer däitlech zeréckgaangen, esou de President vum Apdiktersyndikat.

Den Alain de Bourcy rechent och domat, datt dat an den nächste Wochen esou bleift. Hie betount, den Apdikte géif et net vill anescht goen, wéi anere klengen a mëttelgrousse Betriber. Och si misste sech Gedanke maachen, wéi si hir Paien nach bezuelt kréien, wann de Confinement laang unhält. An de leschten dräi Deeg hätt den Ëmsaz sech duerch dräi gedeelt.

Keng Liwwerengpäss

Den Alain de Bourcy betount, et wier net mat Liwwerengpäss beim Paracetamol ze rechnen. Et géife verschidden Zorte vum Medikament ginn: 500 Milligramm, 1.000 Milligramm oder och Brausetabletten. "Bis eis déi lescht Tablett Paracetamol aus den Hänn geet, dauert nach ee Streech, egal, wéi vill datt d'Leit kafen."

Et géif also kee Grond fir Hamsterkeef ginn, ënnersträicht den Alain de Bourcy.

Medikamenter liwweren

An den Apdikte gouf et bis elo just vereenzelt Ausfäll beim Personal, well Leit wéinst Kontakt mam Coronavirus hu missen ënner Quarantän gesat ginn. Den Alain de Bourcy seet d'Apdikten hätten am Moment genuch Schutzmaske fir d'Personal virun enger Infektioun ze protegéieren.

Et géif och un enger Léisung geschafft gi fir Covid-19-Patiente mat Medikamenter ze versuergen, ouni datt si mussen an d'Apdikt kommen: de Staat kéint den Apdikte Personal zur Verfügung stellen, entweder aus der Arméi oder vun anere Strukturen.

"Déi kéinte bei eis Saache siche kommen an da bei d'Leit heemféieren. Well wa mir ee Covid-19-Kranken an d'Apdikt eraloossen, dann ass et am Moment nach esou, datt d'Apdikt da misst ënner Quarantän gesat ginn. An domat wier da kengem gehollef, just deem enge Covid-19-Kranken, dee seng Medikamenter krut."