Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Apdikten: "Mir si bereet Corona-Tester unzebidden"

Schnelltester

Apdikten: "Mir si bereet Corona-Tester unzebidden"

Geschwë soll et méiglech gi sech an den Apdikten op de Coronavirus-Testen ze loossen. Anescht wéi an de private Laboratoiren, sollen d'Apdikten awer keng PCR-Tester ubidden, mee Schnelltester, déi bannent 15 Minutten e Resultat liwweren, seet den Alain de Bourcy.

auto_stories

1 min

Aktuell géifen nach Gespréicher mat der Santé lafen, seet de President vum Apdikter-Syndikat. Ënner anerem misst nach gekläert ginn, ob déi geplangte Schnelltester vun der Gesondheetskeess rembourséiert ginn an ob d'Apdikte speziell Raimlechkeeten zur Verfügung gestallt kréien, fir dës Tester ze maachen, esou den Alain de Bourcy.

D'Iddi wier et awer net, datt d'Leit spontan an eng Apdikt kënne goe fir sech testen ze loossen - hei géif de Risiko bestoen, mat anere Clienten an och dacks mat vulnerabele Leit a Kontakt ze kommen.

Eng méiglech Pist wier et fir zesumme mat de Gemengen ze kucken, ob et méiglech fir op Rendezvous e Sall zur Verfügung gestallt kréien. Den Apdikter kéint dann dohi goen a fir e bestëmmten Zäitraum am Dag e puer Tester beieneen ze maachen, erkläert de President vum Apdikter-Syndikat.

Vu wéini un dëse Service ugebuede gëtt ass nach net kloer.