Méindeg Moien, hallwer 8 zu Arel treffe mir d'Famill Albert an engem grousse Familljenhaus. D'Charlotte huet 23 Joer a schafft zanter e puer Méint an enger Firma um Findel. Op d'mannst zwou Stonne verbréngt déi 23 Joer jonk Fra all Dag am Auto. En Trajet, dee fir déi meescht Grenzgänger mat der Zäit zu enger Gewunnecht géif ginn.
Normalerweis fiert d'Charlotte zesumme mat zwee Kolleegen an engem Auto op Lëtzebuerg. Trotzdeem géifen déi dräi net vun der neier Spuer fir Covoiturage tëschent Arel a Sterpenech, déi zanter Mee op ass, profitéieren.
Niewent dem Bensin mécht d'Charlotte de gréissten Deel vun hiren Akeef am Grand Duché. Si géif sech och guer net wéi en Auslänner fillen an hätt zu Lëtzebuerg vill international Frënn fonnt. Mee d'Distanz géif et der jonker Fra net ëmmer einfach maachen. No ronn 40 Minutte fuere mir hanner Miersch op d'Autobunn.
Et ass ze deier zu Lëtzebuerg ze liewen
Op Lëtzebuerg wunne komme wier eng gutt Solutioun. Och wann der Charlotte no souguer vill Awunner géifen am Stau stoen. Déi héich Wunnengspräisser géifen et der jonker Fra an hirem Partner den Ament awer net erlaben am Grand-Duché ze liewen. No enger décker Stonn si mir um Findel ukomm.
Zäit fir den nächste Familljemember ze treffen. Virun der zentraler Gare waart dem Charlotte säi Papp, de Christophe mat dräi weideren Aarbechtskolleegen, déi net wäit ewech vun der Gare schaffen.
D'Christine kënnt vun Thionville. Fir net mussen am Stau ze stoen hëlt si de Bus scho ganz fréi. Vu Mäerz nächst Joer u soll den ëffentlechen Transport gratis ginn. Eng Verbesserung fir d'Mobilitéit gesinn déi heite Grenzgänger skeptesch.
Télétravail als Léisung?
Eng Solutioun fir d'Mobilitéit ze verbessere kéint dem Christophe no den Ausbau vum Télétravail sinn.
Mam Télétravail hat de Jean Christophe scho Problemer. Zanter 20 Joer mécht hien all Dag méi wéi 200 Kilometer Aller-Retour fir op seng Aarbecht am Grand-Duché ze kommen.
Ee Grond, wisou d'Grenzgänger dësen Trajet op sech huelen, wier eegenen Aussoen no als éischt eemol eng méi grouss Offer um Aarbechtsmarché wéi an de Grenzregiounen. Mee och finanziell Avantagë géifen eng Roll spillen. Avantagen ënner deenen am Endeffekt déi eege Regioun géif leiden, erkläert de Christophe.
Um 17h20 treffe mir de Christophe am Zuch Richtung Arel. Haut, ouni Retard.
Géint 18:15 ass de Christophe nees doheem, d'Charlotte ass nach mam Auto ënnerwee. Haut ass et gutt gaangen. Mee fir muer ass e Streik bei der belscher Bunn annoncéiert. Wéi d'Famill Albert sech dann organiséiert, bleift ofzewaarden.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.