Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Arméi-Gewerkschaft kritiséiert Pläng vum Verteidegungsministère

Indemnisatioun vun Zaldoten

Arméi-Gewerkschaft kritiséiert Pläng vum Verteidegungsministère

Bei de Pläng fir d'Indemnisatioun an d'Kompensatioun vun de Stonne vun Zaldote bei Formatioune fir Auslandsmissioune geet et ëm d'Deelëmsetzung vun engem Accord iwwer d'Aarbechts- an d'Rouzäite bei der Arméi. Dësen Accord gouf virun dräi Joer vum Ministère an de Gewerkschafte CGFP, SPAL an APOL ënnerschriwwen. D'Dispositiounen am Avant-projet de loi wieren inacceptabel, kritiséiert d'Arméi-Gewerkschaft SPAL.

auto_stories

2 min

Bei der Arméi gëtt et och e Personalmangel. Foto: Archiv

D'Arméi-Gewerkschaft SPAL (Syndicat Professionell de l'Armée Luxembourgeoise) vertrëtt eegener Ausso no d'Interesse vun tëschent 650 a 750 aktiven Zaldoten, Kapereel, Ënneroffizéier a Membere vun der Militärmusek.

SPAL seet den Accord wier Gebrach ginn

De Vize-President vun der Gewerkschaft SPAL fäert, datt et duerch dës Pläng zu enger Zwee-Klasse-Gesellschaft an der Arméi kéint kommen.

D'Membere vum SPAL wieren net frou, well si sech op een "Kouhandel" sollen oder mussen aloossen, esou den Tom Braquet. Dëst géif sech op spezifesch Situatioune bezéien, wann hir Leit an Exercicer wieren oder trainéiere géifen:

"Do ass virgesinn, fir d'Kompensatiounen, also d'Stonnen, déi d'Leit solle kréien, einfach ëm 50 Prozent ze kierzen a parallel dozou hinnen, déi Stonnen, déi verluer ginn, fir e puer Kröten ofzekafen."

De Vize-President vum SPAL gehäit dem Verdeedegungsminister vir, den Accord vu virun dräi Joer ouni erkennbare Grond gebrach ze hunn.

François Bausch schwätzt vun engem Dissens

De François Bausch gesäit d'Saach anescht, a schwätzt vun engem Dissens mam SPAL. Et géifen hei zwou Propose fir soldats de carrière a soldats volontaires gemaach ginn:

" [...] mir bleiwe bei de Stonnen en nature fir d'Soldats de carrière, bei deem wat et haut schonn am Gesetz gëtt. Mee mir ginn erop, an deem wat mir hinne bezuelen, dat heescht déi Primmen déi se bezuelt kréie vu Stonnen, dat geet massiv erop. A bei de soldats volontaires, déi kréien dann elo och mol endlech eppes en nature, mee manner Stonne wéi dat wat mir deemools ofgemaach haten. Mee déi kréien et nach méi substantiell och ausbezuelt. An déi kréien haut guer näischt."

De Verdeedegungsminister betount och, datt just d'Gewerkschaft SPAL net mat sengem Virschlag averstane wier.

Problematik bedéngt duerch Personalmangel

De Vize-President vun der Gewerkschaft SPAL, den Tom Braquet, erkläert och datt de Personalmangel bei der Arméi um Ursprong vun dëser Problematik léich.

Dëse Personalmangel wier leider scho bal eng Traditioun, bedauert hien. 2020 an 2021 wieren emol net 50 Prozent vun de Plaze an de Militaires de carrière besat ginn. An de Jore virdrun wier et net esou schlëmm gewiescht, mee trotzdeem wieren d'Plaze ganz seelen alleguer besat:

"De Problem ass einfach, datt déi Leit, déi do sinn, oft d'Aarbecht musse maache vun de Leit, déi hätte kéinten do sinn."